Diskussioun:Josy Barthel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gebuertsdag[Quelltext änneren]

Moien Olli a Cornichong,

wéi der gesoucht, hun ech dem JB säi Gebuertsdag vum 24. op de 27. Abrëll geännert, well dat esou a menger Quell steet("Lëtzebuerger vum Jorhonnert", éditions revue 1999) esou steet. Elo grad gesinn ech, dass och déi englesch wiki de 24. ugëtt. Hudd dir eng Méiglechkeet, z'iwwerpréiwen, wat fir en Datum dee richtegen ass?

E schéine Bonjour op Mamer an Emgéigend,

Zinneke 23:53, 1 Feb 2005 (UTC)

Salut Zinneke. De Site vun der Gemeng gëtt de 24. un, de Site vum Lycée och. Mee, trauen ass eng aner Saach. Ech probéieren, mech mar emol ëmzekucken. Bis dann. --Cornischong 00:00, 2 Feb 2005 (UTC)

De Gebuertsdag[Quelltext änneren]

Also, de Josy Barthel ass de 24. 4. 1927 op d'Welt komm. Dat ass 100% sécher! Ech krut et vun deem gesot, deen et am zweetbeschte wësse muss. --Cornischong 10:56, 2 Feb 2005 (UTC)

Merci, Cornichong,
an ëntschëlleg, dass ech duerch zweifelhaft Sourcen hei fir Duercherneen (a fir Dech fir zousätzlech Aarbecht) gesuergt hunn! Ech hätt mer et bal denke kënnen: déi Zäiten, wou een an der 'Revue' investigative Journalismus kunnt fannen, musse scho laang hier sinn! Meee ech hoffen, dass de Problem sech séier léise gelooss huet (wat am Land matt de klengen Dingschtweeër jo meeschtens de Fall ass - et sief dann, et kënnt een ze no un den 17. Breetegrad... ;-) Zinneke 15:23, 2 Feb 2005 (UTC) PS: Luuss emol an deng Mailbox, do misst nach eng Äntwert vu mär sinn.

De Beschass[Quelltext änneren]

Iech all, di der heidrunn schafft, e grousse Merci. Leider huet an der däitscher an an der lëtzebuergescher Press viru Wochen eng Affär iwwer Doping am Zesummenhang vum Josy sénger Victoire 1952 zu Helsinki zimmlech Welle geschloen. Daat huet eis als Famill, an nët nëmmen eis, déif betraff. Mir hun och réagéiert awer leider, bis elo an der betraffener Press, nach kee Gehéier fonnt. Eis Meenung déi, an daat gesti mer an, am Affekt geschriwwe gouf, ass awer bei [WIKINEWS] nozeliesen. --83.99.91.174 16:28, 10 Dezember 2006 (UTC)

Ech hunn dat Gesabbels an der Press matkritt. An och de Stil an der lëtzebuergescher Press. --Cornischong 16:34, 10 Dezember 2006 (UTC)
Perséinlech fannen ech datt de Beschass an der Press (anescht kann een et bal net nennen) vis à vis vun engem dee sech net méi selwer wiere kann eng grouss Sauerei ass. Op der aner Säit ginn der dann déi nach liewen a wou Doping bewisen ass nach als Helden der Nation duergestallt. Anerer dei indirekt zu Liefzäiten zouginn hunn dat se och gedoppt hunn ginn op der aner Säit och net ernimmt. Ech zitéieren: « Il faut être un imbécile ou un faux jeton pour s’imaginer qu’un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. », L’Equipe, 1967. De Coureur vun deem hei riets geet däerft der selwer erausfannen. Les Meloures 18:24, 10 Dezember 2006 (UTC)
Daat ass och net schwéier erauszefannen, well ech befaasse mech scho laang Joëren mat dem Cyclissem. Elo eng Grimmel méi spaasseg. Dir schreift am Josy senger Biographie: De Josy Barthel war mam Fernande Senninger vu Bartreng bestued a si haaten zwee Meedercher, d'Lilibeth (*1955) an d'Danielle (*1956). Ech ging mat engem schelmesche Grinsen virschloen: a si hunn zesummen zwee Meedercher kritt, well et gëtt se nach... ech muss et wëssen.--83.99.91.174 12:43, 11 Dezember 2006 (UTC)
Jo Carlo do hutt Dir recht ech weess och mat waterengem Dir bestuet sitt. Dat mat dem haten an hunn ass sou eng komesch Saach. Ech verbesseren dee Saz fir datt den Zweifel net méi besteet. Ee schéine Bonjour un déi zwou Schwësteren
De Renn Les Meloures 12:51, 11 Dezember 2006 (UTC)

Wou steet déi Skulptur vun deeër mer d'Foto hunn Les Meloures 23:31, 11 Dezember 2006 (UTC)

Beim Sprangbur nieft der Gemeng zu Mamer. --Cornischong 23:32, 11 Dezember 2006 (UTC)

Mär hunn d'Olympesch Spiller 1948 nach net ernimmt --Cornischong 00:59, 12 Dezember 2006 (UTC)

Ech hëllefe gär, de Les Meloures huet déi richteg Quell jo entdeckt--Lanncar 01:35, 12 Dezember 2006 (UTC)

Mer hunn nach villes net ernimmt z. b water Ministären en hat a wat en do geleescht huet. Ech hunn do e puer Erennerungen déi munchem Ingenieur net sou géife passen. Les Meloures 02:00, 12 Dezember 2006 (UTC)

Kënnt et zu enger Ëmfro ënner Ingenieuren? --Cornischong 07:38, 12 Dezember 2006 (UTC)

Déi Diskussioun déi mer elo hei féieren huet zwar näischt méi mat der Skulptur ze dinn, ma et gëtt nach keng Rubrik wou e kann iwwer dem Josy Barthel seng allgemeng Leeschtungen schwätzen.

Éier mer awer elo Ingenieuren zum polemiséieren wëlle verféieren hei eng net onwichteg Anektod:
Gewosst ass dass de Josy Barthel zu Harvard Ëmweltwëssenschaft studéiert huet. No sengem Erfolleg zu Helsinki gouf en an Amerika, wou e jo bekanntlech studéiert huet, op verschidden Indoormeetingen invitéiert. Nodeem e virdrun bei esou enger Invitatiounscourse d'Taatsaach öffentlech kritiséiert haat dass an der Haal wou hie gelaaf ass, duurch d'Gefëmms d'Loft ze staark poluéiert war, konnt en den 30. Januar 1956 am Boston Garden duurchsetzen dass 1 Stonn virun a während der Course net huet dierfen gefëmmt gin. An d'Amerikaner hunn sech dru gehaalen. Hien huet se dann och mat enger super Course fir hire Respekt entschiedegt.
Wann dann elo 54 Joër no senger Goldmedaille iwwer Doping spekuléiert gëtt, muss een d'Fro stellen, op dee Mann net schonn deemols en aussergewéinlëcht Gesondheetsbewosstsinn haat a wéisou et 50 Joër gedauert huet, bis dass an Europa an och hei zu Lëtzebuerg, e Minister endlech op d'Idi komm ass d'Fëmmen an der Öffentlechkeet ze verbidden.
--Lanncar 19:26, 13 Dezember 2006 (UTC)

Schéin Info lo misst en nach kucken op mer dat an enger gudder Form an den Artikel setze kënnen

81.244.57.115 21:53, 13 Dezember 2006 (UTC)