Diskussioun:Judd mat Gaardebounen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Gaardebounen, och Saubounen oder Dullessen genannt,": - Si "Saubounen" datwelwecht wéi "Gaardebounen"? --Cornischong 09:12, 5 Mäerz 2007 (UTC)

Am lëtzebuergesche Sproochgebrauch: JO !
Et handelt sech ëm d'Boun mam wësseschaftlece Numm: Vicia faba. D'Franzousen nennen se fève an déisäit vu Musel, Sauer an Our heescht se Ackerbohne, Saubohne, Dicke Bohne, Pferdebohne, Faberbohne a Puffbohne (laut de:wiki) --Pecalux 09:27, 5 Mäerz 2007 (UTC)
Interessant as iwwreiens: Wann se am Mettelalter vu Boune geschwaat hun, dann hun se emmer Vicia faba gemengt. Dei eigentlech mat de Lupine verwant sin. All dei aaner Bounen dei mer hautzedaags esou kennen, sin amerikanesch, an hu man desen traditionelle Bounen näisch ze dongen. Eigentlech sollt een se also net Bounen nenne. Mee am praktesche Sproochgebrauch get es einfach mei Senn sech un de praktesche Gebrauch (am Kachen) ze haalen, wie un d’ botanesch Fachsprooch. (Genau sou wei Ärdbieren och keng Ness sin, a Kokosness keng Bieren, wann een net enner Botanikeren as. ^^) — 2A0A:A547:31BF:1:9566:70B:3FB8:F884 15:43, 14. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien,

Kléng Fro,

am Artikel steet:

Judd ass dat gereezten Halsstéck vum Schwäin.

Meng Fro: Muss dat Stéck gereezt sinn éier et Judd genannt gëtt?

Les Meloures 09:11, 10. Okt 2008 (UTC)

Meng Äntwert: Neen. De Judd ass d'Halsstéck vum Schwäin, ob gereezt oder net. --Pecalux 09:39, 10. Okt 2008 (UTC)
Dann hätt ech eng Fro: Wann net noutwendegerwesi gereezt, "muss" en da gesolpert sinn? da kinnt ee schreiwen: "... e gespolpert, dacks gereeztent Stéck vum Hals" --Zinneke 09:42, 10. Okt 2008 (UTC)
Fläicht heescht ’d Halssteck Judd, mee d’ gesolpert (an/oder gereezt) Steck heescht och (kuerz) Judd? — 2A0A:A547:31BF:1:9566:70B:3FB8:F884 15:51, 14. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]

Also: Fir d'éischt musse mer mol en Ënnerscheed maachen tëscht "Judd" a "Judd mat Gaardebounen".

De Judd
De Judd ass an der Découpe e Stéck Fleesch vum Schwäin, an zwar dee viischten Deel vun de Koteletten. Kuck hei! Op däitsch heescht dat Stéck Fleesch Schweinenacken, Hals, Kamm oder Schopf. Op franséisch: collet oder échine de porc. Aus dësem Stéck kann een d'Schank erausbeenen oder och net. Et kann een z.B. marinéiert Kotlette fir ze grillen (mat oder ouni Schank) draus maachen. Et kann een et och solperen a reezen an esou guer drechnen. Déi däitsch maache meeschtens Kasseler draus.
De Judd mat Gaardebounen
Dofir gëtt en ausgebeente Judd geholl, liicht gesolpert a gereezt. Ass et elo kloer? --Pecalux 13:04, 10. Okt 2008 (UTC)


Salut,

Merci fir déi ausféierlech Erklärungen. Et wier da vläicht net schlecht wa mer en Artikel sonner fir de Judd (Fleesch) géife maachen. Ech géif déi kleng Beschäftegung iwwerhuelen.

Wat mengen déi aner Wikisleit dozou? Les Meloures 14:07, 10. Okt 2008 (UTC)

Du därfs gär den Artikel schreiwen. :) Dei lëtzeburgesch Wikipedia as jo gottseidank nach net esou voll mat Wikinazien dei alles läschen. :) — 88.77.191.166 16:00, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Ennerscheed: Judd ⇔ Kasseler Nacken[Quelltext änneren]

Ech woar schon esou laang net mei zu Letzebuerg, daß ech mer net secher sin, mee Kasseler Nacken leisst bei mir einfach net dei nostalgesch Erennerung eropkommen. Ech hu Judd mei salzeg a mei strähneg (a generell besser) an Erennerung. Mee se sin allenzwee ’d gesolpert (a gereezt) Halssteck vum Schwäin. … Wou genau as also den Ennerscheed? As et wierklech just mei Salz? As et well e gereezt as? Ech bräicht do emol en Expert. — 2A0A:A547:31BF:1:9566:70B:3FB8:F884 15:48, 14. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]