Diskussioun:Karolenger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir dat mat deene Nimm iergdwéis op d'Rei ze bréngen: Herrscher vun deem wat spéider éischter "franséisch" gouf, mat hirem franséischen Numm, bei deenen aneren éischter deen däitschen. D'Grenz zéien ass awer onméiglech, bei verschiddene war et arbiträr (vu mär - dierf g'ännert ginn, soulaang et logesch ass). Dofir missten déi Borschten, wa s'eng Kéier en Artikel kréien, an alle Variante vun hirem Numm opgezielt a "redirigéiert" ginn. --Zinneke 15:48, 10 Abrëll 2007 (UTC)

Beherrscher / Herrscher[Quelltext änneren]

Hausmeier si keng Herrscher, mee eng Zort Premierminister nieft dem Kinnek (sou, wéi de Shogun nieft dem Tenno a Japan bis an d'19. Jh.). Mäi Versuch mat enger Kompromësformel ze verbesseren ass awer nees eng Kéier - wuel vun engem grousse Medievist - als Vandalismus opgefaasst ginn. Dajee alt, da soll d'lb.wikipedia eben onzouverléisseg bleiwe wéi se ass! - C.

Well kee lëtzebuergeschen Dictionaire dat Wuert Beherrscher kennt gouf et erausgeholl, an et gouf net als Vandalismus opgefaasst wéi hei gemengt gëtt. Sou topeg Bemierkunge kann ee sech spueren. Fir erauszefannen ob et dat Wuert am Lëtzebuergesche gëtt brauch een net Medievist ze sinn.
Den Duden gëtt eng Hällewull Synonymer un: Herr; Besitzer, Eigentümer, Eigner, Fürst, Gebieter, Hausherr, Herrscher, Inhaber, Regent; (gehoben) Haupt; (oft abwertend) Machthaber; (bildungssprachlich abwertend) Potentat; (früher) Massa.
Mä well den Duden en däitscht Instrument ass, wëll d'Wikipedia och net zevill Gewiicht drop leeën.
Et wier deemno schéin, wann déi IP ons kéint den Ënnerscheed (deemno déi medievistesch Finesse) tëscht Beherrscher (mir géifen dem LOD dat Wuert gär fir seng Wierdersammlung proposéieren) an Herrscher erklären. Ouni Definitioun an Nowäis datt dat Wuert dacks an onser Sprooch opdaucht kënne mir dat natierlech net maachen.
Just fir eng Iddi ze ginn: E Beherrscher ass eng Persoun déi eppes beherrscht. Beispill: Leit déi hir Sprooch beherrsche si Beherrscher vun der Sprooch a wann se dat net méi kënnen, dann hu se hir Beherrschung verluer. Ech wees dat ass kee gutt Beispill mä ech wëll jo och d'Differenz net erklären. --Les Meloures (Diskussioun) 18:19, 10. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]