Diskussioun:Katar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Offiziell Sprooch: Arabesch / Englesch ": Wou kënnt déi Informatioun hier, datt am Katar Arabesch an Englesch déi offiziell Sprooche wieren? Dat ass nämlech décke Kabes!! Op der Säit vum Katareschen Ausseminitär steet "Arabic is the official language in Qatar". Ech froen wou dat hierkënnt, well déi Saache mer Suerge maachen. Hei gëtt eppes, dat manifest falsch ass, dragesat. --Cornischong 13:53, 31 Dezember 2006 (UTC)

Dann ass nach e klenge Problem mam Fändel. Bei "eisem" mengt een e géif mat den "Zacken" ophalen, lénks dovun ass awer nach e wäissen Deel, deen hei net ze geinn ass, bei deem op der en- an op de de-Wiki ass en dënne Stréchelchen ze gesinn, wou de Fändel op der lénker Säit ophält. --Cornischong 14:07, 31 Dezember 2006 (UTC)

Ech gesinn hei e néirens ee Problem
wann eppes besser gewosst ass oder wann en aanere Fändel besser ass einfach änneren. Dat spuert vill Zäit a Spaut an den Dikussiounssäiten. Les Meloures 14:18, 31 Dezember 2006 (UTC)
De Problem läit net um Fändel de Problem läit un den Hannergrondfarwe vun der Këscht Les Meloures 14:22, 31 Dezember 2006 (UTC)