Diskussioun:Kim Kirchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bal all Wiki huet eng Foto, a mär hu keng!!! --Cornischong 23:22, 12 November 2005 (UTC)

Foto Kim Kirchen[Quelltext änneren]

Fichier:Kim_Kirchen01.jpg Menger Menung weist dös Foto eisen Kimi einfach besser, oder?

Eir Menung ass gefrot!

Mat freundlechen Gréiß, --83.99.54.215 20:59, 13. Jul. 2008 (UTC) .[äntweren]



Sou huet jidderee seng Meenung.
Op dëser Foto déi vun engem Mataarbechter vun der Wiki gemaach gouf, gesäit een de Kim als Vëlossportler a voller Aktioun, op engem Vëlo, an an enger grousser Opléisung.
Dat Bild vu Commons an där schappeger Opléisung, mat engem däischtere Schied am Gesiicht huet menger Meenung no och op Commons keng Chance fir bestoen ze bleiwen. Wann ee kuckt wou se hir kënnt ass de Copyrightproblem virprogramméiert.
Dann nach eppes zu de Biller ersetzen:
Du ersetzt e Bild, fir dat e Mataarbechter vun der lb:Wiki sech vill Méi gemaach huet fir drun ze kommen, duerch e Commons-Bild a schappeger Opléisung. De Minimum vun der Héiflechkeet wier gewiescht dat Bild mol vläicht am Ufank nieft dat anert ze setzen. Fir anere Benotzer hir Aarbecht z'ignoréieren an einfach an den Drécksbac ze werfen, ass schonn en décken Hond.


Les Meloures 22:03, 13. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Mach wats de wëlls; ech fannen déi Foto urwen als Portait besser; déi aner Foto kann een jo unnen himachen. Ech wollt nëmmen hëllefen; mä du bass jo den groußen Diktator, ähh, Administrator.


Déi aal Foto (Kirchen ChampLux2007) soll an der Wiki bleiwen. Déi Foto ass vill besser wéi déi aus der Commons. Reniarf

D'Foto vum Kim um Velo soll bleiwen. Si ass einfach besser. Et schwätzt näischt dergéint fir d'Bild vu Commons och ze weisen. Ausserdeem geet ee kee Bild erausgeheien ouni den Auteur z'aviséieren. Een dee Manéieren huet mécht dat net, verstoppt sech net hannert enger anonymer IP an e schreift och keng domm Bemierkungen heihinn.
--Pecalux 13:14, 15. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat hescht eigentlëch "aviséieren"? Außerdem sinn mir och schons dax genuch Biller virun der Nues weggeläscht ginn (virun allem vum Benotzer:JD am däitschen Wikipedia), dat as am Wikipedia esou leider normal. --83.99.54.119 15:04, 15. Jul. 2008 (UTC) .[äntweren]

Wann ech dëst op der Säit vun dem Commons Bild liesen: This image is missing permission. It has an author and source, but there is no proof that the author agreed to license the file under the given license. Please provide a link to a webpage with an explicit permission. If you obtained such a permission via email, please forward it to permissions-commons@wikimedia.org and reference it at upload. Unless the permission is given, the image can be speedy deleted seven days after this template was added and the uploader was notified: (15 July 2008). Da sinn ech emol gespannt wéi et mat dem Bild op Commons weidergeet. Fir de Rescht wollt ech just bemierken datt mir grad versiche méi frëndlech Ëmgangsformen op der lëtzebuergescher Wikipedia anzeféieren an do ass déi däitsch Wikipedia weder e Virbild nach e Leitbild fir eis. Mat beschte Gréiss Robby 15:27, 15. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat hescht eigentlëch "aviséieren"[Quelltext änneren]

Moien,

Fir déi IPen déi sech schwéier mam Lëtzebuergeschen dinn:

Aviséieren ass op der Säit 48 vum DFL ze fannen, als Iwwersetzung vun aviser: = aviséieren, matdeelen, mellen.

dat as am Wikipedia esou leider normal.[Quelltext änneren]

An du fënnst et ganz normal engem anere Benotzer seng Foto, mir näischt, dir näischt an den Drécksbac ze werfen, an duerch e schappegt Commonsbild ze ersetzen, dat keng Iwwerliewenschancen huet. Do derzou kann ech just soen: Dat sinn net déi Sonndes Manéieren.

Les Meloures 18:30, 15. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]