Diskussioun:Klengt Matterhorn
Moien
Am Text vum Artikel:
E vum Här Biner opgeriichten Kräiz mat der Opschreft "mehr Mensch sein" komplementéiert de Plateau.
Weess ee méi iwwer dat opgeriichten Kräiz, oder ween deen Här Biner ass? Les Meloures 11:45, 17. Mäe 2008 (UTC)
- Dee ganzen Artikel ass Brach. Den Här Biner geet eis näischt un. Ech hunn en emol gelantert. Firwat ass et "klengt" Matterhorn , an net "Klenge Matterhorn"? Well Horn am Däitsche "sächlech" ass? --Cornischong 11:57, 17. Mäe 2008 (UTC)
- Den DFL seet en Horn fr: corne op lëtzebuergesch Har wier och am lëtzebuergesche sächlech.
- Trotz vill Kritik vun Ëmweltschützer soll am Summer 2007 mam Bau ugefaange ginn.
- Weess een op dann ugefaange gouf? Dat ass jo elo schonns 9 Méint hier. Les Meloures 12:10, 17. Mäe 2008 (UTC)
Am Contexte vun net sächlech well et Bierg ass misste mer jo dann och den Aiguille du Midi soen.
Dozou dann mol eng einfach Fro: Hale mer bei auslännesche Wierder deenen hire Genus bäi oder net? Les Meloures 12:17, 17. Mäe 2008 (UTC)