Diskussioun:Kommunismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Aaah, endlech emol eng spannend inhaltlech Ausernanersetzung an engem Artikel[Quelltext änneren]

Eng IP huet hei Aussoe vun engem Artikel geläscht, warscheinlech, well se net domat d'accord ass. Bleift Fro: ass et "méi richteg", wann dat ewech ass, oder wann et do steet (kuckt den Historique).--Zinneke 19:56, 10 Januar 2007 (UTC)

Fir mech wor den Artikel wei en virdrun wor net neutral genuch. Et wor eng Meenung an keen Fakt. --88.207.182.20 13:49, 11 Januar 2007 (UTC)

Ech hunn elo d'Wäertung vun de kritiséierte Sätz erausgeholl, da missten och déi déi d'Gläichstellung vun de Mënschen net "wonnerbar" fannen och zefridde sinn. --Otets 20:32, 11 Januar 2007 (UTC)

Bon dat se net an d Paxis emgesat kann gin stemmt awer och net ganz... --Rebell 22:29, 11 Januar 2007 (UTC)