Diskussioun:Kommunistesch Partei Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sorry, mee daat ass en decken duergerneen hei iwwert d'KPL an och bei déi Lénk. Bei der formeierung vun déi Lénk huet et sech natierlech net em eng Spleckung gehandelt, dei haat schons e puer Joer mei frei stattfond an zuer grennung vun der néier Lénker gefeiert. Bei der grennung vun déi Lénk waare aawer fill memberen vun der KP bedeelegt, inklusive hierem deemolege President (geif soen och hieren hautegen). Bis ob eng KP sektioun huet och dei ganz KPL uersprenglech matt um projet déi Lénk geschafft. Nach zou Zaiten vun der gemeinsamer Aarbecht goufen verschidden memberen vun déi Lénk aus der KPL ausgeschloss (Henri Wehenkel z.b. wann ech mech recht erreneren). 2004 waaren dann och nach fill KPL memberen ob de Leschten vun déi Lénk a goufen reicht no deene Wahlen aus der KPL geworf (inklusive mindestens enger Persoun dei schons virun der KPL hierem president senger gebuert an der partei waar). Iwwregens ass d'Notioun vun déi Lénk als e wahl Bundnis nemmen vun der KPL vertrueden, aus sicht vun déi Lénk waar et fill méi wei daat.--85.93.201.200 12:23, 2 September 2006 (UTC)


Moien,
Mir hunn am Artikel stoen de Zénon Bernard wir 1936 an d'Chamber gewielt ginn. De Luxlex seet den 03.06.1934.
Kann een de besseren Zougank zu de Mémorialen huet wéi ech, dat emol vläicht no kucken.
Merci am Viraus
Les Meloures 19:59, 13. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Salut,
Meng (iwwerflächeg) Recherchen hunn dëst erginn: Vum 11. Abrëll 1932 bis zum 27. Dezember 1936 war eng Regierung Bech - Dumont - Dupong - Schmit um Rudder. Ab 27. Dezember 1936 war eng nei Regierung Bech - Dupong - Schmit - Braunshausen um Dill. Doduerch ginn ech dervunn aus dass 1936 Chamberwale waren an 1934 keng. --Pecalux 06:19, 14. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Den 3. Juni 1934 gouf et am Süden an am Osten partiell Legilativwalen (op der lb-Wikipedia Chamberwalen genannt).

Quell: http://www.gouvernement.lu/gouvernement/gouvernements-precedents/periode_1932_1940/1932a.html

Déi nächst partiell Legislativwale waren duerno de 6. Juni 1937 am Zentrum an am Norden.

Quell: http://www.gouvernement.lu/gouvernement/gouvernements-precedents/periode_1932_1940/1932b.html

--Fliedermaus 08:34, 2. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]