Diskussioun:KZ Sonnenburg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Uewen am Text liesen ech 91 lëtzebuergesch Affer. Op der Lëscht stinn der 90. Les Meloures 08:55, 5. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Lo ass se komplett. Wann nach een den Numm am Kapp huet vun deem Lëtzebuerger, deen iwwerlieft huet, kéint en deen derbäischreiwen.

Déi "Lëscht" mat de "Kommandanten" ass méi wéi lusch. Eis Koppipéistereien aus der de-Wiki ware schonn ze dacks muedebëtzeg. --Cornischong 09:33, 5. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


No laanger Zäit: Den Iwwerliewende Lëtzebuerger schéngt e gewësse Jean-Pierre Chaussy gewiescht ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:09, 28. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Déi 819 sinn an der Nuecht vum 30/31 Januar 1945 ëmbruecht ginn. Den 2. Februar wor d'Befreiung duerch déi 8. sowjetesch Garde-Arméi. An d'Russen géingen d'Läichen dann ee Mount laang do leie loossen bis se endlech am Mäerz ee Fotograf erbäikréien? Dat passt vläit an de Preisen hir Virstellung vum "Untermensch", mä ass dach wuel kaum wouer. Bundesarchiv schéngt mir do e bësse schludddreg geschafft ze hunn. Deen Kommentar hunn ech och an d'Diskussioun vum Fichier gesat. --Jwh 21:03, 5. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Doudeg Prisonnéier[Quelltext änneren]

Moien, d'IP 91.180.201.199 ka sécher erklären firwat dee Kierfecht fir ee Krichsgefaangenen ugeluecht gouf. Am Viraus Merci. --Jwh (Diskussioun) 10:10, 28. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien
Dat huet manner mat der Eenzel oder Méizuel ze dinn wéi mat der Deklinatioun an den zesummegesatene Wierder. --91.180.201.199 10:50, 28. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
A wann et dann och nach sou wier dann nëmmen aus dem Kontext eraus well jo anscheinend d'Éierepaart jo och fir nëmmen een Zwangsrekrutéierte gebaut gouf. Oder ieren ech mech do ??????? Awer soss näischt fir ongutt. --91.180.201.199 10:56, 28. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]