Diskussioun:Koreakrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"an op deer anerer Säit de kapitalisteschen Truppe vu Südkorea, ...": Also den Ausdrock "kapitalistesch Truppen .." hunn ech bis elo mol nach net am Kim Il-Sung senge Memoire gelies. Ech si gespaant ze liesen, wien de Krich ugefaangen hat. (An der de. war den Artikel iwwer e Mount gespaart.) --Cornischong 22:00, 26 Dezember 2005 (UTC)

Déi "cs" Mail-Adress, déi de gudde Mann uginn huet, funktionéiert net!! --Cornischong 22:40, 26 Dezember 2005 (UTC)

Antagonismus Kommunismus-Kapitalismus, an deem Kontext dierft et wuel stëmmen. Wee vun deenen déi gutt a ween déi béis si gëtt jo mat kengem vun deenen Termen insinuéiert, alles bleift objektiv an neutral.
Op menger Tastatur läit den "s" nieft dem "a". Wann s de elo nach weess datt eise Veteran am Kanada sëtzt, dann ass d'Rode vun der richteger Mail-Adress keng Hexerei méi. --Otets 23:01, 26 Dezember 2005 (UTC)

Dass den Artikel duerch deen Témoignage nët sou ganz neutral ass, schengt mer ganz logesch well e vun enger Persoun ass déi direkt dermat konfrontéiert war ze dinn huet. Ech gouf duerfir proposéieren deemensprichent Remark iwwer deen Témoignage ze sätzen an nët dee ganzen Artikel als nët neutral ze klasséieren. Puscas 10:16, 23 Oktober 2006 (UTC)