Diskussioun:Hipp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Kromm)

Eng Fro: Eng Hipp an eng Kromm, ass dat dat selwecht?? --Pecalux 14:45, 28 Abrëll 2006 (UTC)

D' "Luxemburger Wörterbuch" schreift bei Hipp e "kleines Haumesser, kurzstieliges Handbeil" , da muss dat hei stëmmen. Wa bei Kromm (am Lux.W.) 1. "Krummaxt" steet an 2. "Weinbergmesser, Hippe" dann ass dat nach ëmmer logesch. Am DUDEN steet allerdéngs bei Hippe: "[Klapp]messer mit geschwungener Klinge, das im Garten- u. Weinbau verwendet wird. Domat wier eng "Hippe" eng "Kromm". An der de-Wikipedia steet dann (bei "Hippe (Gartenbau)" d'Praffmesser och ënner Hippe.("Die kleinste Ausführung ist die Kopulationshippe (auch Kopulierhippe oder Okuliermesser),") Opinel schreift an hirem Katalog bei hirer Serpette No 8 an d'No 10 "l'outil idéal pour vendanger, tailler des arbustes ou couper des liens." Interessant, hein? --Cornischong 15:45, 28 Abrëll 2006 (UTC)
Elo net d'Kromm an d'Heck geheien. E Redirect deet et och! --Zinneke 15:56, 28 Abrëll 2006 (UTC)
Neen, well wat fir e Redirect sollt dat da sinn? Et sinn zwou verschidde Saachen!! Ech rechne ganz fest mat aneren Artikelen z.b. "Kopuléiermesser", "Praffmesser" (Victorinox huet eent am Katalog), "Krommaaxt", "Riefmesser", a wéi se all heeschen. All Artikel natierlech mat enger oder zwou Fotoen. --Cornischong 16:21, 28 Abrëll 2006 (UTC)