Diskussioun:Lëscht vun Entdecker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour.

Eng schéi grouss Lëscht. Leider nëmme geographesch Entdeckungen.

81.244.43.198 10:35, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Tjo, ech gesinn do den Neil Armstrong, dee wuel kaum eng geographesch Entdeckung gemaach huet. --Cornischong 10:40, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Mee wat wat huet den Neil Armstrong dann entdeckt. De Mound war dach scho laang virdrun entdeckt ginn. Hien ass just dohinner geflunn a mol net eleng.

An dëser Lëscht steet keen een, deen z.b. an der Medezinn oder an der Astronomie eppes entdeckt huet, nëmme fir déi zwéi Beräicher ze nennen. 81.244.43.198 12:06, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Tja, vun deem Gesouers hei gëtt d'Lëscht net déck a fett. A wann ech net esou e frëndleche Mënsch wier, da géing ech der soen: "Amplaz hei ze jomeren, maach eppes. Sabbeler waren der scho genuch hei" --Cornischong 12:25, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Menger Meenung no ass et och net den Zweck vun dëser Lëscht fir Medezinner an Astronomen opzelëschten. Dei hunn, oder sollten eege Lëschten hunn. Jiddereen dee Loscht huet kann also esou eng uleeën. Les Meloures 12:42, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]