Diskussioun:Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ween do wéini "Oberbürgermeister" von Gauleiters Gnaden war, misst m.M. nach e bësse recherchéiert ginn: op der de:Liste der Bürgermeister der Stadt Luxemburg an der de:Wiki taucht och nach e gewësse de:Konrad Gorges (* 17. Juli 1898 in Kassel; † 7. November 1968 in Bernkastel-Kues) op, deen, sou seet den Artikel iwwer deen Tipp, "ein deutscher Politiker (NSDAP)" war a "von 1938 bis 1945 (...) Oberbürgermeister von Trier, seit 1943 auch [geet dat??] von Luxemburg und 1945 für vier Wochen Oberbürgermeister von Koblenz" war.

Huet een eng Iddi vun enger zouverlässeger Quell, fir dee Kuddelmuddel do erauszekréien (a vläit och eppes méi iwwer déi Häre gewuer ze ginn? --Zinneke 09:01, 1. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

1943 schéngt e Richard Hengst k. OB zu Liegnitz gewiecht sinn.--Fliedermaus 10:06, 1. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Fir nozeliesen: ons stad Nr 71, S. 23--Fliedermaus 09:15, 11. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, merci fir d'Recherche! Ech hunn den Hengscht an en Artikel gesat, wann s de Loscht häss, kinns Du dat selwecht am Gorges maachen? Dann hätte mer déi Säcktréier och ofgedeckt. --Zinneke 10:32, 11. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Déi Lëscht déi an Ons Stad Nr 98 publizéiert gouf schéngt mir zimmlech diletantesch obgesat ze sinn:

Bettels Vorgänger (v. l. n. r.): Paul Helminger (1999-2011), Lydie Polfer (1981-1999), Camille Polfer (1980-1981), Colette Flesch (1969-1980), Paul Wilwertz (1963-1969), Emile Hamilius (1946-1963), Gaston Diderich (1921-1946, mandat interrompu par l'occupant nazi), Jean-Pierre Lucas Housse (1918-1921), Léandre Lacroix (1915-1918), Jean-Pierre Alphonse Munchen (1904-1915), Emile Mousel (1894-1904), Alexis Brasseur (1891-1894), Lambert Joseph Emmanuel Servais (1875-1891), Charles Mathias Edouard Simonis (1873-1875), Jean Mersch-Wittenauer (1869-1873), Théodore Eberhard (1865-1873), Gabriel Joseph Jean Hubert Antoine de Marie(1854-1865), Jean-Pierre David Heldenstein (1849-1854) und Fernand Pescatore (1843-1849)


D'Lëscht wéi se virdrun am Artkel stung, war mat u Sécherheet grenzender Warscheinlechkeet besser:

Numm vu - bis
Jean-Bernard Knepper 1693-1698
...
Jean Jacques Faber 1795-1795
Jean-Georges Pfortzheim 1795-1795
François Hubert Abinet 1795-1797
François Roeser 1797-1797
François Hubert Abinet 1797-1797
Hermann Urbain 1797-1800
François Scheffer 1800-1802
Jean François Probst 1802-1803
Jean-Baptiste Servais 1803-1811
Charles Auguste de Tornaco 1811-1814
Bonaventure Dutreux-Boch 1814-1816
François Roeser 1816-1816
François Scheffer 1816-1817
Antoine Pescatore 1817-1820
François Scheffer 1820-1822
Jean-François Doutreloux 1822-1823
François Roeser 1823-1827
François Scheffer 1827-1843
Ferdinand Pescatore 1844-1848
Jean-Pierre David Heldenstein 1848-1850
Gabriel de Marie 1850-1854
Jean-Pierre David Heldenstein 1855-1865
Théodore Eberhard 1865-1869
Jean Mersch-Wittenauer 1869-1873
Charles Simonis 1873-1875
Emmanuel Servais 1875-1890
Dominique "Alexis" Brasseur 1891-1894
Émile Mousel 1894-1904
Alphonse Munchen 1905-1914
Léandre Lacroix 1914-1918
Luc Housse 1918-1920
Gaston Diderich 1921-1940;
1944-1946
Émile Hamilius 1946-1963
Paul Wilwertz 1964-1969
Colette Flesch 1970-1980
Camille Polfer 1980-1981
Lydie Wurth-Polfer 1982-1999
Paul Helminger 1999-2011
Xavier Bettel zënter 2011

--Fliedermaus 15:16, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Sorry, do sinn Datumer iwwerschriwwe ginn, an dunn hunn ech gemengt et wieren Doubleten. ech verbesseren dat.--Christian Ries 18:42, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Verbesserunge si gemaach. Merci Fliedermaus, datts de dat gemierkt hues. --Christian Ries 18:42, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Nach eng Remarque zu den Datumen, déi an ons Stad 98 publizéiert sinn: déi si méi plausibel wéi déi déi virdrun an der Lëscht stoungen. Well dacks war d'Joer, wou een opgehalen huet, net dat selwecht, an dem den Nofolger ugefangen huet. An dat ass net logesch. Et misst een eng seriös Quell consultéieren fir d'Nimm an d'Datumer korrekt anzesetzen. --Christian Ries 18:45, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Déi Lëscht aus dem Ons Stad Nr 98 ass kaum bis guer net ze gebrauchen. Déi Amtszäite vum Jean-Pierre David Heldenstein a Gabriel de Marie stëmmen net. An den Artikele vun deenen zwee hunn ech mol e puer Referenze vum Mémorial bäigesat wou een dat gesäit. An den Emmanuel Servais war 1881 bestëmmt net méi Buergermeeschter, well en ass de 17. Juni 1890 gestuerwen!--Fliedermaus 18:49, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Well dacks war d'Joer, wou een opgehalen huet, net dat selwecht, an dem den Nofolger ugefangen huet. Bis 1999 huet engem Buergermeeschter säi Mandat prinzipiell nach bis den 31. Dezember vum Waljoer gedauert (och wann e scho virdrun eng Nominatioun krut). Den neie Buergermeeschter huet duerno den 1. Januar ugefangen.--Fliedermaus 18:58, 24. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Walresultater[Quelltext änneren]

Moien,

ech gesinn net ganz de Sënn an den Zweck an, dass do eng Zuel vu Stëmmen ouni Kontext steet (wivill kruten anerer?), zemools ee jo net e Buergermeeschter wielt, mee e Gemengerot, an deem sech eng Majoritéit fir e Schäfferrot inklusiv de Buergermeeschter fanne muss.

Wa schonn Stëmmzuelen, da kinnt een iwwerleeën, déi vun deeenen an de Gemengerot gewielten vun der (jeweils) leschter Wal systematesch an d'Gemengenartikelen anzebauen (oder och just d'Nimm vun deene Leit. Ech maache mer awer keng Illusiounen, datt dat propper à jour gehale kéinnt ginn; dofir zécken ech... -- 14:44, 9. Sep. 2020‎ vum Zinneke bäigesat, dee vergiess hat z'ënnerschreiwen.

Do koum näischt no, an ech sinn nach ëmmer der Meenung, dass 'einfach esou' Stëmmzuelen ouni Kontext kee Sënn hunn. Ech huelen dat deemno nees eraus, et iritéiert just. --Zinneke (Diskussioun) 16:51, 11. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]