Diskussioun:Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sou eng Fro an de Raum :)[Quelltext änneren]

Bei deene Buergen/Schlässer, do wier ët jo nawell flott wann do och Artikele gingen iwwert d'Geschicht vun den eenzelne Gebeier kommen. Sollte mer dann do nët d'Links upassen ? (zB amplaaz de Link op Lëtzebuerg do de Link op den Artikel "Bock" oder esou ? :)

Briséis 15:09, 6 Sep 2004 (UTC)

Déi zwou Wolzer Buergen an d'Wolzer Schlass[Quelltext änneren]

Ier et zu engem Artikel kënnt, hei emol e Site: http://www.wiltz.lu/hist01.htm

Pendant des siècles, la vie des habitants de Wiltz était marquée par le destin des seigneurs et des comtes. Un premier château, érigé dans la vallée, fut détruit au moyen âge. Les seigneurs de Wiltz construisirent sur la hauteur un nouveau château, appelé à devenir le centre de la bourgade.

Wann een méi wees, ass en natierlech frëndlech invitéiert, dat hei ze veréiwegen. Merci am Viraus --Cornischong 00:11, 11 Nov 2004 (UTC)

Fëschbech a Colmar Bierg[Quelltext änneren]

Huet et eng Bedeitung datt d'Wunnsetzer vun der famille grand-ducale net opgelëscht sinn? Soss misst en nach Colmar Bierg (Buerg/Schlass ?) a Feschbech (Schlass) bäistzen. Et gin och Leit déi behaapten am Rollengergronn an der Stad steng e Schlass (dat vun Villeroy) -Marcus 15:38, 1 August 2005 (UTC)

2. Gebuertsdag vun enger Fro[Quelltext änneren]

Virun iwwer zwee Joer huet d'Briséis (uewen) eng Fro gestallt. Hatt huet ni eng Äntwert drop kritt, obwuel d'Fro ganz gutt gestallt war. Zënterhier mengen der wuel, well hei alles blo ass, géifen et fir déi Buergen Artikele ginn. Dat stëmmt awer net!!! --Cornischong 19:42, 13 Oktober 2006 (UTC)

Et ass deen eiwege Probleem mam Link op déi falsch Saach. Waat soll enn nach do soen. Mär steet de Verstand bei sou Saachen Les Meloures 19:48, 13 Oktober 2006 (UTC)

An ee riisegt ABC fir eng hallef Dozë Gebaier. Les Meloures 19:52, 13 Oktober 2006 (UTC)

Dat si se net all! Dat war en Ufank --Cornischong 21:26, 13 Oktober 2006 (UTC)

Groussherzogleche Palais[Quelltext änneren]

An der Lëscht steet och de Groussherzogleche Palais (Lëtzebuerg). Ass dat eng Buerg, e Schlass, oder awer eben e Palais, a gehéiert domat nët an dës Lëscht? --Christian Ries 17:51, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]