Diskussioun:Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-diten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Lëscht vun de Lëtzebuerger Uerschafte war nach net komplett, well et do bei "Rolleng" oder "Rollengen" Meenungsverschiddenheete gouf. Ech gesinn net gutt an, firwat "Aangelsbierg" (wat richteg ass!) soll op "Angelsbierg* plënneren. Dat selwecht ass mat "Alschent", dat op "Alschënt" geréckelt gëtt. Och "Alzeng" gëtt "Alzéng". Déi "éischt" Schreifweis war déi vum "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise" um neiste Stand. --Cornischong 13:20, 7 Abr 2005 (UTC)

Ok, da mëchen ech mech net méi an bei dem Artikel --Alexandra 13:50, 7 Abr 2005 (UTC)

"Wilwerdang" a "Wollfsmillen" stinn esou beim Josy Braun! --Cornischong 23:53, 2 Mee 2005 (UTC)


An der Lëscht stoung "Baschelt". Op Gronn vu wat soll dat dann elo mat engem "d" geschriww ginn??? " Baschelt anscheinend mat "d")" . Geet et elo a Richtung "anscheinend" ?? Wat soll dat?? --Cornischong 18:15, 16 August 2005 (UTC)

Ben, an der Lëscht stung Baschelt an den Artikel huet Bascheld geheescht. Eent vun deenen zwee muss falsch sinn. Wéi eent weess ech net, mee elo ass de Link wéinstens net méi rout. Natierlech kanns du de ganzen Artikel op "t" réckelen, wann s du do méi weess. --Otets 19:06, 16 August 2005 (UTC)

"gëtt et do néierens eng lëscht, déi een oftippe kann? dat wierméi einfach": D'Websäit "Eis Sprooch" ass am Ament zou."This site is closed for maintenance! Thank You for your comprehension." steet do op Net-eis-Sprooch geschriwwen. Déi wäerten d'Uertschaftsnimm mol endlech op den "neie" Stand setzen. Fir de Rescht gëtt et e puer Lëschten um Net, déi eng méi originell ewéi déi aner. --Cornischong 07:26, 12 Oktober 2005 (UTC)

Hei ( http://www.legilux.public.lu/adm/annuaire_officiel/VOLUME1/III_annx/Nomlocal.pdf ) ass déi OFFIZIELL Lëscht, mee ouni Lëtzebuerger Nimm. --Cornischong 09:59, 12 Oktober 2005 (UTC)

Hei ass deen aktualiséierte Link mat der Lëscht vun de lëtzebuergeschen Uertschaften um Site vum Institut grand-ducale. --Robby 07:55, 5. Abr 2008 (UTC)

Klengbéiwéng (Petit-Bevange)[Quelltext änneren]

A wou dat da leien? --Cornischong 13:33, 30 Mäerz 2006 (UTC)

bei Héiveng, wat en Zoufall datt se beim Kadaster grad déi Kaart als Demoversioun hunn [1]--Marcus 13:52, 30 Mäerz 2006 (UTC)
Abee Merci.Am "Annuaire officiel" steet "Grand-Bevange" dran, dat Klengt awer net!! --Cornischong 15:38, 30 Mäerz 2006 (UTC)
05. Jan. 2007 Als Referenz ass eng Lëscht ugin, doran net nëmmen Dierfer, wéi se haut nach bestinn, ze fanne sin, ma déi baséiert op Houchzäitsakten, Dafakten an aner Dokumenter aus de leschten - loosse mer net iwerdreiwen - 300 Joer. Dofir déi ongewinnt Orthographie fir eng Rëtsch Dierfer an och eng Kollektioun Nimm vun Dierfer déi verschwonne sin. Klengbéiweng fällt an déi Kategorie, och Baltzingen, Balsingen, dat haut en Däl vun Diddeleng ass. An der Original-Lëscht stin och eis Duerfnimm an der Franséischer, Däitscher a Lëtzebuergescher Orthographie alphabetesch de Rei no. Si ass an éischter Linn als Hëllef geduecht gin, fir Leit aus dem Ausland (USA, Frankräich, etc) déi no hire Virfuere sichen an op Duerfnimm stoussen, déi hinnen direkt näischt soen, mat deenen se näischt unzefänke wëssen. -- Den Auteur aus der Referenz

Kann een dee besser Ënnerlage wéi ech huet, kucken op Flatzbour eng Uertschaft ass. Les Meloures 20:08, 1 Oktober 2006 (UTC)

Den Annuaire officiel seet jo; et ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech. --Cornischong 21:09, 1 Oktober 2006 (UTC)

Merci Les Meloures 21:20, 1 Oktober 2006 (UTC)

Redange a Rédange[Quelltext änneren]

Um offizielle Site um Spaweck vun der Gemeng Réiden :

Redange sur Attert

Op dem Site vum Office national du tourisme :

Rédange-sur-Attert

Cayambe 19:05, 19 Oktober 2007 (UTC)

An an der Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg vum Annuaaire officiel - 2000- Vol. 1 heescht déi Uertschaft "Redange" an näischt anescht. Also, léiwer net am Telefonsbuch, am Office natioanal du tourisme kucken, oder op der Websäit vun der Gemeng selwer kucken well do stoungen (ech hunn haut net méi gekuckt) mindestens dräi Versiounen. An op dem Gemengesekretariat hat ech och scho selwer gefrot; déi wëssen et net. Dat schéngt "komesch", mee 't ass esou. --Cornischong 20:35, 19 Oktober 2007 (UTC)

Moien,

Weess duerch Zoufall een op de Val-Saint-André an der Stad e lëtzebuergeschen Numm huet? Les Meloures 16:45, 2. Mäe 2008 (UTC)

Franséisch an däitsch Nimm[Quelltext änneren]

Ech proposéieren déi franséisch Nimm virun déi däitsche Nimm ze setzen, also déi 4. Kolonn gëtt an deem Fall déi drëtt. Dëst well déi franséisch Nimm déi offiziell sinn, an och als éischt op de Stroosseschëlter stinn. --Cayambe 09:20, 5. Mäe 2008 (UTC)

Salut: Dat wier nawell net schlecht. Ech änneren déi Këschten dann no an no. Op jidferfall déi nächst ginn esou gemaach. Wann ech duerch d'Ganzt ABC erduercht sinn, tässelen ech dei aner ëm, duerno ginn d'Këschten unnenee geschloss. Da kann een d'Gemenge sënneren an et gesäit een dann direkt op ons Gemengenartikele mat den Uertschafte komplett sinn. Dat wäert awer nach e puer Deeg daueren. Les Meloures 09:52, 5. Mäe 2008 (UTC)

Ok, vill Spaass :-) --Cayambe 21:30, 5. Mäe 2008 (UTC)

Uertschaftsnimm op Lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Wann ech op der neier Institut Grand Ducal-Websäit deenen hir Lëscht mat den Uertschaftsnimm op Lëtzebuergesch kucken, do gëtt et mer sou "komesch". Do liesen ech Saache wéi "Bartréng", "Kiirchbierg", "Kohler", "Letem", "Noojhem", "Steën", "Kapwëller " oder "Ieverléng ". Wéi gesot, et steet op der Websäit vum Institut Grand Ducal, ( http://www.institutgrandducal.lu/Joomla/html/placenames_lux.html ). ....miserere nobis ...---Cornischong 03:10, 16. Abr 2008 (UTC)

Reisermillen feelt - Theo Speaight ////

Official Table[Quelltext änneren]

Is there any official table how the places are named? The overview here is very confusing. Sometimes it's LB-FR-DE, sometimes LB-DE-FR, sometimes LB (FR or DE) and sometimes just LB. Apart from the names listed here there are even more variations, more or less common. --Traut 19:27, 3. Okt 2008 (UTC)


Léiwen Traut,

Maach der net zevill Suergen doriwwer. No an no gëtt déi Lëscht komplettéiert, an d'Reiefolleg vun der Sprooch gëtt och nach eng Kéier verbessert, fir déi Tabellen all matenee fusionéieren ze kënnen. Les Meloures 20:13, 3. Okt 2008 (UTC)

Danke! --Traut 18:37, 9. Okt 2008 (UTC)


Gemeinde Berg[Quelltext änneren]

Hallo, welche Gemeinde ist Bierg? Das amtliche Gemeindeverzeichnis ([2]) nennt Berg - ist das nun Bech oder Colmar-Berg. Dort sollen follgende Orte liegen:

--Traut 18:37, 9. Okt 2008 (UTC)

Kuck der "Bierg (Homonymie)" un, do steet dran datt et zwou Uertschafte mat deem Numm gëtt, eng an der Gemeng Colmer-Bierg an eng an der Gemeng Betzder. Datt Bierg selwer och eng Gemeng soll sinn ass mer dogéint nei. Datt mer déi kleng Lieu-Diten an eiser Lëscht op de Bierg (dt. Berg) verlinkt hunn ass natierlech net ideal. Ech mengen awer, hei ass mat Bierg Colmer-Bierg gemengt, well Brosiushaff, Karelshaff a Welsduerf leien do ronderëm. Wat Rippeg do verluer soll hu weess ech net. Colmer wäert Colmer-Bierg sinn an déi aner hunn ech net op der Koart fonnt. --Otets k19:34, 9. Okt 2008 (UTC)

Danke, das Annuaire Officiel führte eben "Berg" als commune - und das eine Berg in Betzdorf, das andere in Berg, also wohl eher Colmar-Berg. Geismillen ist wohl ein Ortsteil von Bierg bei Betzder. Der Lellgerhaff liegt vielleicht auch dort. Anscheinend muss man ganz genau hinsehen, zu welchem der beiden Berg es nun gehören mag, oder ob es statt zu Berg eher zu Bech gehört. Welsduerf kann also schon in der Liste korrigiert werden. --Traut 20:13, 9. Okt 2008 (UTC)

Lëtzebuergesch Duerfnimm[Quelltext änneren]

Eng Bemierkung, oder zwou

Ech hätt als Auteur vun der Lëscht déi hei op Wiki ze fannen ass, eppes ze soen. Do fällt mer op datt verschidden Nimm orthografesch verbessert gi sinn. D'Originallëscht seet Akëscht net Akerscheed fir den däitschen Numm Ackerscheid an der Gemeng Housen. An dat Akëscht ass esou op der Carte Topographique Edition 2002 Série TC 1:20000 (op CD-ROM) bei eiser Administratioun vum Kadaster ze fannen.
Fir alles dat wat un der Lëscht geännert ginn ass sollt een d'Quell anescht formuléieren. d' Lëscht op Wiki ass net d'Lëscht aus dem Familjefuerscher 64 vun der ALGH, si huet sech am beschte Fall do inspiréiert an ass och schons gewuess.
An dann nach eppes: lb. Wiki ass jo ganz drop aus fir Lëtzebuergesch ze schwätzen, da géif ech mengen e e lieu-dit dat wier e Flouernumm. Deemno missten d'Iwerschrëft, an all Linken déi op den Artikel hiweisen, geännert / verbessert ginn. arachnaeus 08:16, 2. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Zur Bemierkung: Fir alles dat wat un der Lëscht geännert ginn ass sollt een d'Quell anescht formuléieren. d'Lëscht op Wiki ass net d'Lëscht aus dem Familjefuerscher 64 vun der ALGH, si huet sech am beschte Fall do inspiréiert an ass och schons gewuess.
Déi Lëscht gouf ni vun der lb:Wikipedia als Quell zitéiert. Vun Ufank un, wou se hei ernimmt gëtt, d.h. vum 13 Oktober 2005 un, steet se ënner der Iwwerschrëft Literatur. Dat ass just en Hiweis datt et esou eng Lëscht gëtt, an net datt e Mataarbechter vun der Wikipedia se als Quell benotzt huet. --Les Meloures 11:47, 3. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Den Ënnerscheed tëscht Flouernumm a Lieu-dit gëtt hei erkläert. --Les Meloures 12:13, 3. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Ortsnamen Schüttringen/Schëtter[Quelltext änneren]

Moien, wie lauten die deutschsprachigen Namen für die Ortsteile Schüttringens?

  • Munsbach oder Münsbach?
  • Neuhaeusgen oder Neuhäuschen oder Neuhäusgen?
  • Uebersyren oder Übersyren?

Quellen: [3], [4], [5] Schöne Grüsse --Plantek (Diskussioun) 08:50, 23. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

Guten Tag:

Müsste meinung nach so sein

  • ----> Münsbach
  • ----> Neuhäuschen
  • ----> Übersyren

MfG --Les Meloures (Diskussioun) 15:29, 26. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

Dank Dir für die Rückmeldung, Les Meloures. Dann sollten wir die hiesige Liste korrigieren. Gruss --Plantek (Diskussioun) 11:19, 29. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]