Diskussioun:Lëscht vun de kathoulesche Peepst

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

dt. oder fr.?[Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch kënne mer se jo net gudd deefen, z.B. Clemy I. oder Muerzel I oder Benny XVI.. Also musse mer eis eng afale loossen. Fir eis franséisch oder däitsch Noperen nët ze frustréieren proposéieren ech d'Sprooch vun der Kathoulescher Kierch: Latäin. Wat mengt de Comité?? -- Carlos 16:40, 2 November 2005 (UTC)

Du hues ganz Recht. Et ass op alle Fall beseer wéi déi däitsch Eeërdänz. --Cornischong 16:50, 2 November 2005 (UTC)

Et ass net einfach, dat ass sécher. Bäim Jean-Paul II. an dem Benoît XVI. géif ech mech un déi lëtzebuergeschsproocheg Medien halen. Wat méi wäit zréckläit (ausser elo deem anere Jean-Paul an alle Benoîten) ass et awer e Problem. Latäin ass sécher op der la-wiki ganz flott, mee hei géif eis Lëscht doduerch éischter nach méi problematesch ginn. --Otets 19:11, 2 November 2005 (UTC)

Ech brucken op kengem System. A well d'Perfektioun net vun dëser Welt ass, sinn ech gäre mat allem d'accord, wat "d'Saach weiderbréngt". Viru bal engem Joer wollt ech dat schonns maachen, hunn och ronderëm gefrot, a wéi ech keng hallef-valabel Äntwert krut, hunn ech et si gelooss. Dat wëll ech awer net nach zweete Kéier!!! Et wier ganz topech, sech nees eng Kéer an Diskussiounen ze verléieren, an d'Kromm nees an d'Heck ze geheien. Ech hunn dowéinst och mam Otets senger Äntwert Problemer. Ech fäerten, datt d'Schwongrad nees stoe bleift. --Cornischong 19:31, 2 November 2005 (UTC)

"Viru bal engem Joer wollt ech dat schonns maachen, hunn och ronderëm gefrot, a wéi ech keng hallef-valabel Äntwert krut, hunn ech et si gelooss." Dat kéinten och meng Wierder sinn an dofir sinn och ech frou, datt mer iwwerhaapt emol eppes hunn. Mee vu datt mer eréischt "op alle Fall weider" kënne fuere soubal de Benoît XVI. en Nofolger huet, ass momentane Stëllstand bäi dësem Thema souwisou net diskussiounsbedingt. An ausser menge "Volleksnimm" Jean-Paul a Benoît hunn ech souwisou keng Ursaach, déi preisesch Schreifweis ze hannerfroen, well ech war 1958–1963 net do fir ze lauschtere wat se sou an de Medien an am Vollek gesot hunn... --Otets 20:06, 2 November 2005 (UTC)

gudden owend alleguerten ^^ mellen mech och rem nees zereck, lo wou ech vakanz hun, a leeen mein pefferkär bei ;)
U sech giff ech mol sou spontan soen: mier benotzen bal nemme däitsch Wieder, di meescht letzebuerger kucke gréisstendeels däitsch tele, wisou net di däitsch nimm benotzen? se sinn ons souwisou méi geleefeg... mee well domadden och keen zefridden ass an eng letzebuergesch Form vun den Nimm (Jang-Pol II?! <-- LOL) scho guer net a fro kennt, fannen ech dem Carlos seng Iddi, d'orginalnimm op Latengesch ze benotzen, am beschten! domadden kenne mer näischt falsch maan! Mat der franséischer Form konnt ech mech nach ni ufrenden an ech fannen et och komplett onlogesch, déi ze benotzen, wou eist letzebuergesch dem däitschen souwisou méi no kennt wéi dem franséischen! --JimHawk 22:04, 2 November 2005 (UTC)


Mat laténgeschen Nimm kann ee vläicht näicht falsch maachen, mee leider och net esou vill richteg, well wann ech nom Jean-Paul II. sichen, da kennen ech leider de laténgeschen Numm net fir an d'Sichfeld anzedroen.. Mam Benoît hues de awer Rescht, dee schéngt effektiv éischter e Benedikt ze sinn. Fazit: d'Lëscht ass gutt wéi se elo ass. --Otets 22:43, 2 November 2005 (UTC)


jo, ok... dofir hädd ech dann proposéiert, bäi komeschesche Nimm di latengesch orginalversioun, an dann kann een jo trotzdem nach e redirect vum franseische a däitsche numm drop maan ^^

mat der lescht wéi se am ament ass, kann ech awer och gudd liewen ^^ --JimHawk 11:55, 3 November 2005 (UTC)

Fir nozedenken[Quelltext änneren]

All eis Artikelen iwwer d'Peepst hunn zesummen 159 Wierder! Dës Diskussiounssäit huet der 604! --Cornischong 15:50, 3 November 2005 (UTC)

1. Wa mer op der Diskussiounsäit nët däerfen diskutéieren, fir wat ass se dann do??
2. Wann's de näischt dergéint hues, da schreiwen ech iwwer all Poopst 604 Wierder.
--Carlos 16:40, 3 November 2005 (UTC)

1. Diskutéiert roueg weider, firwat sinn déi Säiten dann do?
2. Wann et bis elo just u mengem Accord gehaangen huet: Ech hunn näischt dergéint, du kanns haut nach ufänken.
--Cornischong 18:04, 3 November 2005 (UTC)

Am Zweifelsfall léiwer guer näischt. --Cornischong 14:58, 14 Januar 2007 (UTC)