Diskussioun:Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Billerchaos a Perfekioun! (vun der IP 88.207.224.56)

D'Perfek"ioun ass, wéi mer gesinn, net vun dëser Welt! Wéi wier et, fir eng Hand mat unzepaken, fir et besser ze maachen. Dee kuerze "Kommentar" do bréngt den Artikel kaum weider. Merci am Viraus. --Cornischong 06:40, 8 Mee 2006 (UTC)
Ech géing vierschloen, d'Biller aus dem Artikeltext erauszehuelen an dann nemmen den Fotosalbum ennen ze lossen. Vierwat alles zweemol? Dat mecht keen Sënn. Mat enger ausreichender Beschreftung vun den Biller géing dat, mengen ech, ganz gudd goen fier déi zwee getrennt zwee halen. Zweetens: Vill Fotoen sinn zum Verständnis vun den Ereignisser och net onbedengt noutwendeg. Heinsdo ass manner och méi.

grouss Spanish Inquisition 16:31, 27 Juni 2006 (UTC)

Den Artikel leit am Ament net un zevill Biller, mee (an dat ass kee Wuertspill) un net genuch Text. Dat bis elo ass eréischt den Ulaf vun engem Ufank. Wann ech et richteg verstanen hunn, waarden se an der däitscher an an der franséischer Wikipedia schonns ongedëlleg drop, datt een dësen Artikel hei fäerdeg schreift. Iwwersetze geet villäicht méi einfach wéi recherchéieren. --Cornischong 18:04, 27 Juni 2006 (UTC)


Ech gin Dier natierlech Recht, dass nach vill mei Text an den Artikel kann geschriwen ginn. Ech kucken mol waat mein "Geschéitsbouch" dozou seet. Leider sinn dat och nëmmen 9 Säiten an meng finanziell Situatioun leist am Moment keng gréisser bibliothekaresch Uschafungen zou. Mee dat wärt sech jo hoffentlech eng keier änneren. Trotzdem muss De zouginn, dass d'Biller am Text am Moment ob eng zimmlech chaotesch Art a Weis doremmer stinn. Dat ass natierelch och en Problem vun dem Editeursprogramm hei, mee ech fannen dat sollt en verbesseren. Spanish Inquisition 09:26, 28 Juni 2006 (UTC)

englechen wikipedia[Quelltext änneren]

ma wann dei deitsch an dei franseich op desen artikel warden, dann sollen se mol deen englechen kucken, deen ass tiptop gaschriff, an iwert t kolaborateuren get mei geschriff, wei nemmen "dass t zatzen DONO de kapp geschuer krouten".

Desen Artikel ass jo wuel en Witz. Ganzer null Referenzen! Regional geprägten Orthographie (Regierong) an Ausdreck wéi "preisesch Zaldoten". Ech fannen och bai der letzebuergescher Wikipedia missten zumindest en puer Grondsätz agehaalen gin.

Merci fir Är kritesch Kontributioun. Kritik ass gutt, verbesseren ass besser. Mä dat wäert, wann ech Är Orthographie kucken, guer net sou einfach sinn. 91.180.159.157 17:40, 18. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Kapp schieren[Quelltext änneren]

Zitat: D'Nazikollaborateuren, déi sech net aus dem Stëbs gemaach haten, goufe festgeholl an d'Meedercher, déi sech ze vill intim mat den Däitschen agelooss haten, kruten de Kapp geschuer. D'Freed iwwer d'Befreiung war ëmsou méi grouss, well och de Prënz Jean a säi Papp, de Prënz Felix, an engem amerikanesche Jeep dobäi waren. -- Wéi héiert sech dat dann un? Et héiert sech sou un, als wann déi gréisst Freed dodra bestoung, datt een de Meedercher de Kapp konnt schieren. An de Prënz a säi Jong waren och mat Freed mat dobäi... Éischtens emol ass et jo international unerkannt, datt dat eng Reaktioun war, déi een an där Situatioun vläicht ka verstoen, déi awer trotzdeem onmënschlech war. An zweetens ass dat Ganzt op eng Aart a Weis ausgedréckt, déi lo wierklech net fir eng Enzyklopädie passt.

Ooops, da steet wierklech sou do! --Jwh (Diskussioun) 07:33, 6. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

"Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich" gehéiert net an d'Kategorie "Geschicht vu Lëtzebuerg"?[Quelltext änneren]

Ech hunn den Artikel "Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich" ëm d'Kategorie "Geschicht vu Lëtzebuerg" ergänzt, mee dëse Ännerung gouf bannen Minutten vum Les Meloures réckgängeg gemaach. Dëst ass fir mech beim beschte Wëllen net nozevollzéien. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:14, 7. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Dëst ass fir mech beim beschte Wëllen net nozevollzéien
Ganz einfach: Dat ass well et schonn duerch déi aner Kategorie dohin eropgeleet ass a Kategorien net verduebelt solle ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:18, 7. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Misst an ärer Logik "Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich" net och als "Ënnerkategorie" gefouert ginn, grad wéi den Artikel "Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich‎", dee schonn do steet? --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:25, 7. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Jo sécher wann et méi wéi ee spezifeschen Artikel doriwwer gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:41, 7. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]