Diskussioun:Lëtzebuerger Constitutioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien. Mär hätte besser, mer nennnen eis "Verfaassung" ent weder "Constitutioun" oder (do gëtt et zuguer eng Auswiel!) "Konstitutioun", déi zwéin Ausdréck sinn allenzwee richteg. Ier ech drëmmer ännere ginn wollt ech fir d'éischt dat nach regelen. Also, wat huele mer? --Cornischong 23:39, 27 Feb 2005 (UTC)

vun Exilante-Sproochgefill[Quelltext änneren]

Moie Cornichong!

Ech war och net ganz glécklech matt der "Verfaassung", mee ech hat gemengt, "C/Konstitutioun" wier e bëssen 'zevill' francophon. Dat schéngt net de Fall ze sinn (op mäin Exilante-Sproochgefill wëll ech mech alt net zevill verloossen), sou dass mer dat gär op 'Constitutioun' ännere kënnen, matt engem 'redirect' vu deenen 2 anere Wierder hir.

Zinneke 23:49, 27 Feb 2005 (UTC)


Déi Ännerung vum Jitzi ass, mengen ech, net korrekt. Souwäit ech wees, mussen op d'manst dräi Véierel vun de Membere present sinn. Sou wéi et virdrun do stoung. --Fred 21:52, 14 Mäerz 2006 (UTC)

Daat vun den drài Véirel gouf réischt virun Kuerzem geännert, duerch d'Gesetz vum 19. Dezember 2003(Mémorial A N°185 vum 31.Dezember 2003) Jitzi

Stëmmt, dat hu se gemat fir d'Verfassung méi einfach a méi séier kënnen z'ännere wa se wëllen en internationalen Traité unhuelen deen Dispositiounen huet déi net verfassungskonform sinn. Well et awer fir traitésbedingten Ännerungen an normal Ännerunge keng zwee verschidde Regimer sollt ginn, gouf direkt fir déi zwee de Quorum an d'Opléisung vum Parlament ofgeschaf. --Otets 19:05, 15 Mäerz 2006 (UTC)

Moien, just eng kleng Fro: Gëtt et d'Lëtzebuerger Verfassung/Constitutioun nëmmen op franséisch?

Konstitutioun / Verfassung / Verfaassung[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Ech gesinn déi Diskussioun iwwer de Lemma vum Artikel ass net nei. Ech hunn e Redirect Lëtzebuerger Verfassung gemaach, well ech den Artikel net fonnt hunn (ech hunn missen iwwer déi franséisch Versioun vum Artikel goen fir déi lëtzebuergesch Versioun ze fannen).

Ech hunn och e Redirect vun Lëtzebuerger Verfaassung uegluecht. Do gouf et schonn een deen 2009 gelächt gouf mat der Begrënnung "Redirect mat falscher Schreifweis". Ech hunn eng Kéier séier gekuckt an op rtl.lu an 100komma7.lu a fannen ech awer vill Artikelen déi souwuel Verfassung wéi och Verfaassung benotzen. Dowéinst mengen ech, dat dee Redirect valabel ass. Wann een net domat averstanen ass, kéint e w.e.g. hei argumentéieren an e bësse waarden (amplaz direkt ze läschen). Merci!

--Bdx (Diskussioun) 11:14, 1. Mäe. 2019 (UTC)[äntweren]

Ganz d'accord. --Zinneke (Diskussioun) 12:07, 1. Mäe. 2019 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend,
Ech gräife mol nees d'Diskussioun vum Lemma op… Den LOD kennt déi zwéin Nimm: Constitutioun (mat der Variant Konstitutioun) a Verfassung (mat der Variant Verfaassung). Et gouf sech jo hei sengerzäit éischter op de francophonen Numm Konstitutioun gëeenegt, sollte mer dann awer net d'Haaptschreifweis mat <C> gebrauchen? GilPe (Diskussioun) 18:01, 17. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Jo honnertprozenteg --Les Meloures (Diskussioun) 18:20, 17. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Fir eng vun den éischte Konstitutioune gouf anscheinenend e Monument zu Ettelbréck opgericht.

Weess do vläicht ee méi? --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 12. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]