Diskussioun:Laser (Däitschland)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Langsur huet och e lëtzebuergesche Numm: Laser (oder Laaser, wéi et richteg geschriwwe gëtt weess ech net). D'Awunner soen Laasa. --Pecalux 08:36, 20 Mäerz 2006 (UTC)

Gëtt et do eng Quell zu där Ausso? Et wier iwwerhaapt besser, wann emol jiddereen géif seng Quell uginn, da kéinte mer eis munneg Gedeessems spueren. Wa mar ee kënnt a behaapt, d'Awunner géife "Lusoa" soen, wat solle mer deem dann äntweren? --Cornischong 09:13, 20 Mäerz 2006 (UTC)
Et hunn zu dëser Ausso 2 Quellen:
  • De Site Langsur,
  • Mäi Gediechtnis, wat zënter 60 Joer impeccabel fonctionnéiert.
"... Wa mar ee kënnt a behaapt, d'Awunner géife "Lusoa" soen ..." Ma da musse mer unhuelen datt dee kinnt vläicht Recht hunn an da musse mer dat iwwerpréiwen. Et ass nämlech wichteg datt ee wees datt ee nach laang net alles wees.
-- Pecalux 11:18, 20 Mäerz 2006 (UTC)
"da musse mer dat iwwerpréiwen": Ma dat sinn ech amgaang. An dofir hat ech gefrot wat d'Quell vu "Laser" (oder "Laaser") wier. D'Websäit hat ech mer schonns éischter ugekuckt, mee kee Laser fonnt. Wou steet et dann? Jidderenegem säi Gediechtnes an Éieren, mee als Referenz kënnt dat mer "speziell" vir. Ech ka mech net erënneren, datt engem säi Gediechtnes als Quell ugeholl gouf. Quelle muss jidderee kënne selwer "iwwerpréiwen".--Cornischong 11:33, 20 Mäerz 2006 (UTC)
Eise Buschauffeur ass emmer op Laaser oder Laser gefuer, e Bekannte vu mir vu Waasserbëlleg fiirt och emmer op Laaser, schrëftlech hun ech dat iewel elo nach a kenger Quell fonnt, also bis e seriöse schrëftleche Bewäis do ass, bleiwe mer bei Langsur.Johnny Chicago 13:41, 20 Mäerz 2006 (UTC)