Diskussioun:Leopold I. vun der Belsch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Mann wor "Roi des Belges", an net "Roi de la Belgique"

Richteg gesinn mee et gëtt och keng Belgier op lëtzebuergesch Les Meloures 20:50, 3 Abrëll 2007 (UTC)

Do steet: Kinnek vun de Belsch. Wou ass de Probleem? --Zinneke 21:24, 3 Abrëll 2007 (UTC)

http://lb.wikipedia.org/wiki/Leopold_I._vun_der_Belsch http://lb.wikipedia.org/wiki/Leopold_I._vun_de_Belsch ?

Salut
De Lemma Leopold I. vun der Belsch, ass vir en den Adelstitelen no anzeuerdnen : Leopold I. vun der Belsch, Léopold I. de Belgique, Leopold I. van België, Leopold I of Belgium .
Dat huet menger Menung no näischt mat dem Titel Roi des Belges ze dinn. Les Meloures 10:55, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Salut,

Hei steet, de Leopold hätt sech vun der Karoline Bauer scheede gelooss. Souwäit ech informéiert sinn, si weder eng Liaisoun (e Verhältnis) nach e Bestiednis mat däer Damm bewisen. Wou kann een dat nokucken? Bescht Gréiss, GB