Diskussioun:Literatur

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et lount sech, d'Diskussioun iwwer den aktuellen Artikel "Literatur" an der de-Wikipedia ze liesen (http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Kandidaten_f%C3%BCr_exzellente_Artikel#Literatur.2C_21._Juni) , well do berifft sech den Haaptauteur op de Lëtz-Wiki "Literatur"-Artikel, dat eng Deel-Iwwersetzung vun deem déizäitegen däitsche war. Also, oppassen, wat mer do fir "Saachen" importéieren!! mengt de --Cornischong 00:21, 26 Jun 2005 (UTC)

Wat's du erëm alles erausfënnst! Enfin, souwäit ech verstanen hunn, ass et falsch, de Reinmann als Beispill ze zitéieren, oder wéi oder wat? Da gehei en eraus, wann s de mengs, nee? --Otets 00:34, 26 Jun 2005 (UTC)

Et schéngt (schéngt!!), wéi wann de Reinmann a sengem Bichi NET chronologesch, mee thematesch fiert. Dat ass villäicht e gutt Beispill fir net alles ze gleewen, mee selwer ze recherchéieren. "wann s de mengs,.." Ech mengen näischt (!!!), et hunn der schonns genuch "gemengt". Mäi Schoulmeeschter huet eis gesot: "Mengen a Botter schäissen, ass Zweeërlee" --Cornischong 01:20, 26 Jun 2005 (UTC)

An an der däitscher stoung déi Zäit "ein frühes Beispiel ist J. F. Reimmann: Versuch einer .." (sic!) --Cornischong 01:37, 26 Jun 2005 (UTC)

Schéin. An elo, loosse mer de Reimann oder net oder diskutéiers de dat léiwer nach virdrun op der däitscher aus oder wéi? --Otets 03:39, 26 Jun 2005 (UTC)