Diskussioun:Luxair

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hmm, wann et eng FluCHgesellschaft an e FluCHhafen as, da misst et dach och FluCH-Operatiounen heeschen? Myriam 07:55, 8 September 2005 (UTC)

Du hues ganz Recht. --Cornischong 08:00, 8 September 2005 (UTC)

"Pitair"? Wat soll dat dann? --Myriam

Dat war Vandalismus a soss näischt. Merci datt s de et zréckgesat hues. --Otets 10:53, 7 Februar 2006 (UTC)

Gudde Moien
Wat maache mer mat de Prophezeiungen hei am Artikel. An aneren Artikele goufen esou Saachen erausgeholl. Geet et net duer wann heiandsdo eng Aktualisatioun gemaach gëtt. Les Meloures 15:49, 28 Mee 2007 (UTC)
Ech hat dat hei net gesinn. Lo stinn am Artikel wéivill Maschinne se HUNN. An net méi wat se vläicht hätte kéinte sollten hunn. Kaffisazprophezeiungen hunn hei wierklech näischt ze rafen. --Cornischong 15:59, 28 Mee 2007 (UTC)

Rebonjour,

op der Säit vu Luxair-Tours steet 1 x Boeing 737-500. Weess vläicht ee wou déi zwou bei ons hierkommen. Et ass jo och méiglech datt Luxair Tours nach net upgedate huet Les Meloures 16:09, 28 Mee 2007 (UTC)

[1] Number of planes 2 --Cornischong 16:15, 28 Mee 2007 (UTC)

Merci Les Meloures 16:35, 28 Mee 2007 (UTC)

Salut,
Elo weess ech och wou déi Diffrenz vun deem enge Boeing hirkënnt. Deen ass un d'Tschechen CSA Czech Airlines verlount an doduerch gi warscheinlech d'Meenungen ausernanner op en nach zur Luxair-Flott gehéiert oder net. Les Meloures 18:27, 28 Mee 2007 (UTC)

Einfach esou[Quelltext änneren]

"BESTELLUNGEN: 3 Bombardier Q400 (dofunner 1 ausgeliwwert) + 3 Optionen 1 Boeing 737-700 WIN (Juli 2007)": Wou geet iwwer déi Optioune Rieds?? --Cornischong 18:36, 6 Juni 2007 (UTC)

No dëser Luxair Säit, den 23JAN09, hätten se:

  • 3 Bombardier Q400
  • 3 Boeing 737-700
  • 1 Boeing 737-500
  • 7 Embraer ERJ-145
  • 2 Embraer ERJ-135

Vläit ass dat souguer aktuell... --Jwh 23:03, 23. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Luxairflott[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hunn elo déi zwou lescht Ännerungen emol zréckgesat, well se net iwwereneestëmme mat deem wat Luxair selwer seet, an och net mat dem nationalen Immatrikulatiounsregëster. Gekuckt haut um 22:30 Auer. Wann et natierlech eng fiabel an novollzéibar Informatiounsquell fir déi Informatioune gëtt da soll déi w.e.g. bei den Ännerungen matgeliwwert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:46, 20. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

64 Destinatiounen[Quelltext änneren]

Moien,

Wou gëtt et dann déi "Destinatiounslëscht vun der Luxair vum 22. Oktober 2014"? Merci. --Jwh (Diskussioun) 08:45, 30. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]


Salut, déi gëtt et elo natierlech net méi. Well dat all zweeten Dag ännert ass et schwéier eppes geneeës festzehalen. Ech hu bis elo nach keng konkret Lëscht um Netz fonnt.

An deem ganzen Artikel muss fatzeg geraumt ginn. Do geeschtere Fantasigesellschaften duerch d'Géigend, déi et wéi et schéngt och op anere Wikie gëtt, just net am lëtzebuergeschen Handelsregëster. Wann een d'IPEë freet wou d'Statute vun där Gesellschft sinn da gëtt een natierlech näischt gewuer an alles bleift an der Loft hänken. --Les Meloures (Diskussioun) 18:22, 3. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Op der Destinatiounslëscht op dëser Säit sinn 19 Destinatiounen opgelëscht. Do feelen e puer Summerdestinatiounen.

Ech hunn elo mol d'Destinatiounen aus der Këscht geholl. Mer kënnen ons net permanent mat sou Variabelen erëmploen, dat bréngt qualitativ guer näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:37, 3. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

D'Flott vun der Luxair am Iwwerbléck mat engem Referenzstand .........

Kann een ons erkläre wat e Referenzstand ass? Ass dat e Stand wou ee Referenzen ze kafe kritt. ??