Diskussioun:Luxemburg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien

Mer hunn zwou Homonymiessäiten. Déi heiten, an d'Säit Lëtzebuerg. D'Säit Lëtzebuerg ass international verlinkt an déi heiten net.

As dat net ënner een Hutt ze kréien. Menger Meenung no géif déi heite bei déi aus den anere Sprooche passen. An da vun dëser op Lëtzebuerg weider féieren, well op deeër sti just d'administrativ Ënnerdeelunge vum Land.

Wa mer eis Lemmaen esou géif mache wéi se Geschwaat ginn hätte mer en etlech deeër Saache manner.

Beispill: Et seet een ech ginn op Lëtzebuerg da kënnen d'Land an d'Stad gemengt sinn. Da mengt keen de Kanton oder den Distrikt. Well do soe mer den Distrikt Lëtzebuerg oder de Kanton Lëtzebuerg.

Ech well ëm Gottes Wëllen net alles op d'Kopp werfen. Well ech net vun Ufank un derbäi war hunn ech do net matkritt firwat mer déi hannevir Lemmaen hunn.

Vläicht well mer do vill nom däitsche System gefuer sinn. D'Fransousen hunn der an deem Sënn vill manner, well se d'Meedchen direkt mam richtegen Numm nennen.

Les Meloures 07:48, 9 Juni 2007 (UTC)

moien, déi hei säit ass fir den Ausdrock "Luxemburg" wéi en doruechter virkënnt. Grad'esou gëtt et e Lemma "Luxembourg". déi dräi hunn hir Berechtegung.--Zinneke (Diskussioun) 15:49, 10. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]


Moien och,
Meng Fro hat ech viru bal aacht Joer gestallt, an an der Tëschezäit och bekäppt ëm war et geet. Trotzdeem Merci fir deng Interventioun.
An der Tëschenzäit hunn ech all déi falsch Verlinkungen, et waren der bal 500 op manner wéi 50 reduzéiert. Et gëtt der e puer déi wéinst schlecht gebaute Schablounen net direkt verlinkt kënne ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:58, 10. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]