Diskussioun:Michel Rodange

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu de Fotoen: "D'éischt Sait vun der éischter anonymer Editioun" steet ënner enger Foto, op deeër ech "vum M.Rodange" liesen. Sou anonym kënnt dat mer net vir!
"[Änneren] E puer Biller vun der éischter Editioun 1872" steet iwwer den dräi Fotoen. Op deenen zwou riets ass dat sécher net de Fall, well een do den Datum liese kann.
Wat kréie mer hei erzielt?? --Cornischong 22:43, 4 Dezember 2006 (UTC)

Zum Portrait: "Auteur: B. Kutter" liesen ech. Wien ass de B. Kutter? Ass dat e schwaarz/wäisst Bild am Original? Gesäit dat bild esou aus? Ech mengen: De Méchel Rodange huet Besseres verdéngt. D'Foto vun Monument ass net einfach opzehuelen, d'accord, mee de Gréngespoun wierkt zimmlech rëffeg, mengt de --Cornischong 22:49, 4 Dezember 2006 (UTC)

Mir schengt déi Foto eng aus enger aler A-Z ze sinn. Et wier jo schéi wa mer eng Besser hätten.

Wat de Grengespoun ugeet muss ee warscheinlech bei der Gemeng reklaméire wou d'Monument steet oder mer ruffen d'Wikipedianer zesumme mat zwéi Kilo Duraglit vu Brasso Les Meloures 00:16, 5 Dezember 2006 (UTC)


Vun 1859 un huet de Michel Rodange als Kantonier zu Iechternach, Käerch a Wolz geschafft.
Soll dat alt stëmmen. Mir kënnt daat komesch vir datt e Schoulmeeschter op eemol sollt Kantonnier spillen. Les Meloures 15:08, 7 Dezember 2006 (UTC)