Diskussioun:Mirjam vun Abellin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Solle mer dat ganzt Kapitel iwwer "Stëmmen am Dram", inklusiv deene ganzen Hochzäit- oder net Hochzäitsvirbereedungen net reduzéieren op:

"Amplaz mat 13 Joer bestuet ze ginn, huet si sech dozou entscheet, an e Klouschter anzetrieden"?

--Zinneke 09:42, 9. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ma ech hunn nach ëmmer gär esou Hellegegeschichte gelies, mat engem uerdentleche Martyrium zum Schluss si se natierlech nach méi spannend --Jwh 10:37, 9. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech liesen och gäre Geschichten, an och eng psychologesch Analys vun där Geschicht wier secher ganz intressant; just, hei hu mer den Usproch, eng Enzyklopedie op d'Been ze setzen...--Zinneke 12:53, 9. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]