Diskussioun:Moloch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ech froe mech op et richteg ass desen Artiekel bei jiddesch Mytho ze setzen, well gehéiert engem Nopeschvollek seng Gottheet déi ee selwer als inexistent (als Fantasie) betruecht zu engem senger Mythologie ? --Marcus 09:50, 18 Januar 2006 (UTC)

Wat schléis de da vir? Ganz eraus mam Artikel oder aner Kat? Myriam 11:42, 18 Januar 2006 (UTC)

Wann hei Rieds geet "an der Bibel" da soll een och uginn, WOU dat an der Bibel steet!!! Ech verdroen net déi Referenzen ouni Referenzen. Et hëlleft guer näischt, wann ee schreift, datt den Nietzsche dat geschriwwen huet, wann ee net genz genee (!!!) seet, wou (mat geneeër Editioun a Säitennummer). A da komme mer scho weider. An: Et kéint een e Bléck an déi aner Wikie geheien, villäicht steet an enger eppes "Valabeles". Mär kéinte och eis Referéieren op de Moloch am Film ("Metropolis"), an der Literatur, an anere Kulturen .... --Cornischong 12:11, 18 Januar 2006 (UTC)

't ass jo scho gutt! Ech hu mech op en Artikel aus dem Lexikon baséiert, an do steet nun emol net drann wou dat an der Bibel steet. Ech maachen den Owend wann ech e bëssen Zäit hunn e neien Ulaf mat den Infoen aus der däitscher an englescher Wiki. Anscheinend kann een sech och net méi drop verloossen wat an de Bicher steet. Myriam 12:35, 18 Januar 2006 (UTC)
an der de stinn d'Bibelplazen dran (wann déi stëmmeen). Du gesäiss, du hues et mat kritesche Geeschter hei ze dinn:-). --Cornischong 12:48, 18 Januar 2006 (UTC)