Diskussioun:Montesquieu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut.

Fréier gouf vläicht "Guienne" geschriwwen, awer och Académie "françoise", asw. Ech liewen am 21. Jh.; an de << Les Meloures >> muss - alt nees eng Kéier - opfalen! Ech fannen, hie misst eng eegen Encyclopedie kréien, fir hie ganz eléng! Gutt Nuecht, D.R.


Et freet ee sech wat deen iwwerhaapt hei mécht. Ëmmer nëmmen deenen aneren hir Feeler verbesseren ze goen. Huet deen näischt besseres ze dinn. Et ass ganz schlëmm datt deen dann och nach mengt an engem geschichtlechen Zesummenhank misst eppes geschriwwe ginn wéi dat deemools war. Wéi wann dat eppes mam Artikel ze dinn hätt. Mécht deen dat wierklech nëmme fir déi aner rosen ze maachen. Wat dee gëschter an haut erëm eppes mat Verbesseren opgefouert huet. Et gëtt Zäit datt deen emol a Congé geet. -- Eng schéin Hënnt, de Rumpelstilzchen.


Merci fir déi léif Opmierksamkeet vun den IP-en. An der Tëschenzäit gouf alt emol e bësselchen un deem Artikel gefléckt, e puer korrekt Wikilinken agesat, e puer Saache preziséiert. Dobäi gouf och festgestallt datt an deem Artikel néierens Rieds geet, datt dee Mann eng Kéier bestuet war an en zimmlech bekannte Bouf hat. Mä et ass méi intressant sech iwwer Niewesächlechkeeten opzereegen wéi eppes am Fong derzou bäizedroen. An deem Sënn iwwerloossen ech de léiwen IP-en déi Charge. --Les Meloures (Diskussioun) 11:05, 9. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]