Diskussioun:Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et wier ganz "flott", wann een eng schaarf Foto vum Leonardo sengem Bild aus dem Louvra hätt. Esou laang hale dann déi krätzeg mol dran. --Cornischong 16:51, 16 Oktober 2007 (UTC)


Salut,
De Jacobus deen am Artikel ernimmt gëtt ass dat de selwechten wéi dee vu Santiago de Compostela? Les Meloures 20:19, 16 Oktober 2007 (UTC)

Dat wier nach nozekucken. Lo geet et op den Déngen. Bis haut. --Cornischong 23:49, 16 Oktober 2007 (UTC)

Anna selbdritt[Quelltext änneren]

Moien,

Iwwerschneit sech mat Anna selbdritt. Vläit, een deen dat kann, dësen Artikel op dem Leonardo da Vinci säi Bild ëmschaffen a réckelen.--Jwh (Diskussioun) 07:32, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien ech fannen et soll näischt geréckelt ginn. Dat eent soll m.M. no nëmmen als Beschreiwung vum Leonarda sengem Bild behandelt ginn an och deementspriechent erkläert ginn, an dat anert als Erkärung vun der Dräiergrupp. --Les Meloures (Diskussioun) 07:44, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, mat réckelen hat ech just geméngt dësen Artikel, nodeem e vun engem gudden Geescht ëmgeschafft ass, a "Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna (Leonardo da Vinci)" ëmzebenenne wéi op anere Wikipedien. --Jwh (Diskussioun) 07:57, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
Firwat e Geklamers maachen wa keng Homonymie neideg ass. Oder hu mer nach aner Tableaue vun anere Moler déi mer och esou nennen. Dat eenzegt wat net klappt ass d'Reiefolleg vun de Personnage par Rapport zum Originaltitel vum Bild Sant'Anna, la Vergine e il Bambino con l'agnellino --Les Meloures (Diskussioun) 08:59, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]