Diskussioun:Nancy Arendt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Si huet e puer Mol bei den Olympesche Spiller am Schwamme matgemaach, dorënner zu Atlanta an zu Seoul."
Kann et net sinn dat d'Nancy Arendt am Schwammen nëmmen eng Kéier bei den Olympesche Spiller matgemaach huet (Séoul 1988, 100m Brasse an 200m Brasse). Oder weess ee méi?--Fliedermaus 11:43, 23 Februar 2007 (UTC)

Ech hat dat aus der nl: iwwersat, an et baséiert op deem hei: http://www2.triathlon.org/profiles/prof-elite-women/nancy-kemp-arendt-lux.htm Wéiwät dat richteg ass, weess ech awer net.

--Zinneke 11:49, 23 Februar 2007 (UTC)

D'Nancy war 3x dobäi. Valabel Source: [1]. Änneren den Artikel. Kaffi 11:56, 23 Februar 2007 (UTC)

Wat d'Schwammen ugeet: do steet iwwerall nëmmen ëppes vu Séoul 1988 (respekiv mat Tippfeeler 1998)--Fliedermaus 12:08, 23 Februar 2007 (UTC)

"Iwwerall", wierklech? Am Luxemburger Lexikon (am Lexikon selwer) steet : "2000 Teilnahme an den Olymp. Spielen in Sidney". --Cornischong 13:19, 23 Februar 2007 (UTC)


Mat "do steet iwwerall" war 1. d'Wikipedia nl, 2. http://www2.triathlon.org... an 3.[http://www.cosl-alo.org/ gemengt. (Ech war do net richteg vertane ginn.)
An den offizielle Resultater vun den Olympesche Spiller vu Séoul sinn dem Nancy Arendt seng Resultater vum Schwammen ze fannen, och wann näischt dovun am "LL" steet:


"Nancy competed for Luxembourg in swimming at the 1998 Seoul Olympics and is a member" steet op der Websäit vun där de Link ënnen am Artikel steet. ( http://www2.triathlon.org/profiles/prof-elite-women/nancy-kemp-arendt-lux.htm ) Dat wier eng Kéier. --Cornischong 13:34, 23 Februar 2007 (UTC)

Do spënnt een[Quelltext änneren]

"Zënter 1996 ass d'Nancy-Kemp-Arendt, als Member vun der CSV-Fractioun, Deputéiert vum Bezierk Süden an der Chamber". De Luxemburger Lexikon zielt mer "1996-1999 u. erneut seit Juni 2003 Parlamentsabgeordnete". Ech hoffen, de Lexikon huet sech geiert! --Cornischong 13:26, 23 Februar 2007 (UTC)

Membre de la Chambre (Historique) : Députée du 23/01/1996 au 08/06/1999 Députée du 03/06/2003 au 05/06/2004 Députée depuis le 03/08/2004

--Fliedermaus 14:24, 23 Februar 2007 (UTC)

@Fliedermaus: Merci fir deng Recherchen. Dee Lexikon mécht ee krank. --Cornischong 14:34, 23 Februar 2007 (UTC)

Déi Fra heescht zënter hirer Gebuert "Nancy Arendt". Datt se bestuet ass, huet dorun näischt g'ännert, oder wéi? --Cornischong 13:37, 23 Februar 2007 (UTC)

"No deem gudde Resultat zu Sydney gouf si nach am selwechte Joer 7. bei der Weltmeeschterschaft an Ungarn." : War dat am Triatlon? Et kann een net kloer genuch sinn :-)) --Cornischong 16:41, 23 Februar 2007 (UTC)

Dat war en Triathlon vum World-Cup an de war virun den Olympesche Spiller (dat steet och elo am Artikel)--Fliedermaus 17:10, 23 Februar 2007 (UTC)

w.e.g. rëm zréck-réckelen. Wéi déi aner Dammen déi och ënner hirem bestueten Numm Politik maachen. —83.99.65.116 07:27, 28. Mee 2019 (UTC)[äntweren]


wéi has de gëschter engem geäntwert? Sief kéng. Ma da sief och selwer kéng a maach et selwer a stell keng aner Leit un. --Puscas (Diskussioun) 07:52, 28. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Ech hu keen Account a keen Intérêt un engem, soss hätt ech et gemaach.—83.99.65.116 08:07, 28. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
An dat ass dann eng Ursaach fir anere Leit eng Aarbecht ze ginn. E bësselchen ze einfach fannen ech. --Puscas (Diskussioun) 08:34, 28. Mee 2019 (UTC)[äntweren]
Moien där zwéin,
Dat hei ass e ganz anere Fall, deen ënner de Bekanntheetsgrad fällt an deemno ënner d'Critèrë bei deenen de Meederchersnumm am Lemma soll gebraucht ginn. D'Nancy Arend war vu jeehier ënner hirem Meederchersnumm bekannt. Déi aner Dammen net. Dir kënnt awer gären eng Diskussioun um Staminee lancéieren a kucke wat d'Allgemengheet dozou seet. --Les Meloures (Diskussioun) 08:00, 28. Mee 2019 (UTC)[äntweren]