Diskussioun:Neiséiland

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"ass e geographesch isoléierten Inselstaat": Wéi ass dat ze verstoen? Sinn net all Inselen a gewëssem Sënn "geographesch isoléiert"? --Cornischong 23:27, 29. Mäe 2008 (UTC)

"Offiziell Sprooch: Maori, Englesch": Ech hunn dat emol nogezielt: Et sinn der zwou. An deem Fall sinn et "Sproochen". "Kinnek(Kinnigin:" Ouni K. "Chef vun der Regierung:": Datt déi Fra Premierministesch ass, misste "mer" dann an den Text setzen. Dann d'Onofhängekeet: "vu Groussbritannien ?" Dee Krop, bedeit deen, datt et net sécher ass, datt et vu Groussbritannien ass, oder weess kee Mënsch wéini dat war. Da bei d'Nationalhymn: Stinn der do zwou, oder ass dat eng? Et geet awer näischt iwwer eng schéi Këscht. "an enger grousser Unzuel vu méi klengen Inselen" ..............--Cornischong 09:16, 30. Mäe 2008 (UTC)

An der däitschsproocheger Wikipedia hunn ech déi offiziell Sproochen och nogezielt; do sinn et der dräi! "Die Neuseeländische Gebärdensprache (englisch: New Zealand Sign Language; NZSL) ist seit dem 10. April 2006 ebenfalls offizielle Amtssprache und ist damit die weltweit erste Sprache für Gehörlose, die diesen Status besitz": Erkenne mär déi net un? Oder stëmmt dat, wat déi do schreiwen, iwwerhaapt net? freet sech de--Cornischong 09:42, 30. Mäe 2008 (UTC)

Net zécken, setz all déi richteg, a wichteg Informatiounen an den Artikel a werf déi falsch eraus. Dat kascht net méi Aarbecht ewéi hei ze diskutéieren, an den Artikel gëtt besser. Wann et op der Diskussiounssäit steet, notzt et deem den op d'Wiki en Artikel liese kënnt kee Paff. Les Meloures 10:28, 30. Mäe 2008 (UTC)