Diskussioun:Nicolaus Cusanus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend. "op Padua gewiesselt ass, wou en e Studium vum Kiircherecht ugefangen huet.": Zu Padua huet de Nicolaus ausser Kiercherecht nach dräi aner Saache studéiert. Firwat kréie mer dat net verroden? --Cornischong 20:55, 20 September 2007 (UTC)

Bonjour. Ageschriwwe war de Cusanus zu Padua nemmen an der juristescher Fakultéit. Et ass awer richteg, datt hien do e.a. och mathematesch Virliesunge gelauschtert huet. Derniewent huet en a sengem "Grondstudium" zu Heidelberg wuel nach eng ganz Parti aner Saachen studéiert, sou wéi dat de curriculum vunn enger Artistefakultéit am 15. Jorhonnert virgesinn huet. --Primenumber 16:25, 21 September 2007 (UTC)