Diskussioun:Non-Violence

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Desen Artikel ass (wei villes am lëtzebuerger Wikipedia) falsch. Et ginn 3 Originaler vun Non Violence, all Original ass e bessi Aanescht (Kroemmung a Positioun vum Laaf zum Beispill). Daat um Kierchbierg ass och 1 Original, an keng Copie. Daat eelst vun den 3 Originaler steht net zu New York, mee zu Malmö (1985), daat 2. steht zu New-York (an ass ee Geschenk vun der Lëtzebuerger Regierung) (1988), daat 3. steht zu Lëtzebuerg niewt dem Jean Monnets Gebai. Copien stinn zu Berlin, zu Caen, zu Cape Town, zu Liverpool, zu Lausanne, zu Stockholm, zu Miami an zu Göteborg.

Moien,
Da ginn et nach Leit déi behaapten, natierlech och ouni eng Quell unzeginn, et stéingen der nach zu Göteborg, Los Angeles, Zurich, Johannesburg, London a Curitba.
Et wier dann och intressant gewuer ze ginn watereng Skulptur eng Copie vu waterengem Original ass.
Mer verloossen äis op Informanten déi ons mat korrekten Informatiounen mat Quellenangab beliwwere kënnen.
D'lb:Wikipedia wier och frou wa Leit hei behaapten et wier sou villes falsch, wa si ons kéinte matdeele wat dat wier, fir datt et verbessert ka ginn, oder datt si eventuell selwer no Wikiprinzip am Artikel verbesseren.
Les Meloures 08:20, 23. Mee 2009 (UTC)[äntweren]
Falsch, dier setzt esou eng Sait online, dann ass et un Iech ze préiwen op daat waat dra steht richteg ass, an net un aere Lieser. Kaaft Iech d'Buch vun Non Violence, do steht alles drann. Viru kuerzem war och um DNR eng Interessant Sendung iwwer Non-Violence an der Rubrik "Koescht vum Onnoetze Woessen". Do gouf daat alles erklärt. Wann een den Usproch erhiewt eng Enzyklopedie ze sinn, muss een selwer fier d'Quellen suergen, an et daerf een d'Beweispflicht net un d'Lieser weiderginn. Soss mecht een sech der Desinformatioun verdächteg.