Diskussioun:Nonnefascht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

kann et sinn, datt déi e puer nimm hunn? Z.B. Verwurrelter oder einfach Fuesend geannt ginn? nëmmen eng fro fir d'allgemengwëssen (resp. fir den Aleedungssatz ze ergänzen ;-)) --JimHawk 06:40, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Mei Pefferkär:
Et ka net nëmme sinn, et ass esou: De Sammelbegrëff vun dësem Gebäck ass "Fuesendskichelcher" oder einfach "Fuesend". Wann et sech dobäi ëm Kniet dréint, da sinn et "Verwurrelter". Dësen Ausdrock gëtt awer meeschtens nëmme gebraucht wann den Deeg mat Backpulver gemaach ass. "Nonnefäscht" sinn och Fuesendskichelcher an, menger Meenung no (wat awer net beluet ass), just en anere Numm fir "Verwurrelter". Ech huelen un dass d'Meenungen iwwer präzis Bezeechnungen vun dësem Gebäck wäit ausernee ginn.
Eent ass awer sécher: Et kann een 2 Zorten Deeg maachen: mat Hief oder mat Backpulver.
Souwäit de Pefferkär vum --Pecalux 08:04, 20 Mäerz 2007 (UTC)
Bei eis doheem gouf et ëmmer Fuesendskichelcher (aus Hiefdeeg), verwuerelt Gedanken oder Verwuerelter (och aus Hiefdeeg mengen ech mee méi "dënn"; déi hu sech och méi laang gehalen), an op Halleffaaschte gouf et Wandbeidelen oder Nonnefäscht, déi aus méi engem schmieregen Deeg gemaach goufen a wou Zocker a Kanéil driwwergepuddert gouf.Harry-PC 08:09, 20 Mäerz 2007 (UTC)
Léif Leit. Op dëser Säit stinn interessant Saachen, an et ass gutt, datt sech deen een an deen aneren "dramëscht". Mee firwat setzt keen dat an den Artikel, dee jo nach e bësse blatzeg am Eck steet. Eis Kollege vun déisäit der Musel hunn e Spréchelchen, deen all Neie verrode kritt "Sei mutig". Also, eran an den Artikel domat. Merci. --Cornischong 09:30, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Artikel: 22 Wierder / Diskussioun: 263 Wierder. Zimmlech verwurrelt, isn't it? --Cornischong 06:52, 3 Abrëll 2007 (UTC)


Fir et komplett ze maachen dann och d'Getalks iwwer de Sujet vun der Ech hun eng Fro -Säit.

Nonnebréitchen[Quelltext änneren]

A sengem Bichelchen ernimmt de Josy Braun och "Nonnebréitchen an -bréidercher". Ech kennen déi net. Weess ee méi? --Cornischong 09:40, 20 Mäerz 2007 (UTC)


Gudde moien
Dat hei hun ech op der Websäit vu Kerkrade fonnt
Het is een verzamelnaam voor diverse soorten gebak waarvan de oorsprong niet bekend is. Dit, voor zowel de manier van bereiden als voor de naamgeving. De nonnevots komt voor met en zonder vulling, in ronde vorm of in strikvorm. Kenmerkend is echter dat de deeg in olie of vet gebakken wordt. Hierdoor ontstaat het luchtige karakter van het gebak waaraan het in veel streken zijn naam ontleent. Andere namen waaronder het voorkomt is de
  • Berli(j)ner Bol met jamvulling
  • strik
  • poeffel (Zuid-oost Limburg)
  • oliebol met jamvulling (Maastricht)
  • de Nonnenfurz (Duitsland)
  • de Nonnefort (1665, Nederland)
  • de Pets de Nonne (1795, Frankrijk)
  • de Nonnebreitchen en de Nonnenkrapfen (Luxemburg)
  • In Kerkrade komt de nonnevots uitsluitend voor in de strikvorm en de poeffel in de bolvorm.
Gudde Moien
Dat hie hun ech op der Websäit vu Prachuap Khiri Khan fonnt
เว็บไซต์ทั้งหมดของเราปราศจากโฆษณา ผู้เข้าชมไม่เสียค่าใช้จ่ายในการแก้ไข, การอ่าน หรือการใช้เนื้อหาของเรา เราใช้เงินที่ได้จากการบริจาคในการลงทุน


Tjo dann hu mer elo ee Problem
soll ech déi vum Prachuap Khiri Hhan iwwersetze loossen dem Noper séin Dackel versteet dat relativ gutt
Wanns de mengst meng Informatioun op hollännesch wier iwwerflësseg da schreif dat ganz däitlech, a wann net da looss den anere Blödsinn bleiwen. Les Meloures 10:59, 20 Mäerz 2007 (UTC)


Auslännesches[Quelltext änneren]

Sech hei opzeregen ass eng Saach, en net "ënnerschriwwene" Kommentar op Hollännesch ouni e Link op d'Websäit (et gëtt jo schliisslech de Guggel) ass natierlech eng aner. Ganz däitlech: Et kéint als Hëllef interpretéiert ginn, wann een engem anere bei enger Referenz, déi eppes mam Spaweck ze dinn huet, de Link ugëtt, an deem et op déi Manéier erméiglecht, déi Websäit méi séier ze fannen. An: "soll ech déi vum nonnevots iwwersetze loossen dem Noper séin Dackel versteet dat relativ gutt". Fir d'éischt déi Nues, déi am nosten ass. Merci. --Cornischong 11:21, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Iwwersetzung vun der hollännescher Websäit


Et ass de Sammelnumm vu verschiddenen Zorte Gebäck deem säin Ursprong net bekannt ass.

Dat gëllt sou gutt fir d'Art a Weis fir en ze maachen wéi och fir den Numm.

Den nonnevots (op lëtzebuergesch:Nonnefascht) gëtt et mat oder oni Gefëlls a ronner Form an a längelzecher Form. Gemeinsam hunn se datt se am gliddege Fett gebaak ginn.

Doduerch ensteet déi lëfteg Form vum Gebäck déi em a ville Géigenden den Numm (Nonnefascht, Nonnenfurz, Nonnevots) ginn huet.

Aner Nimm:

  • Berliner mat Gebeess oder Pudding
  • strik (an Holland) wat e Knued oder Stréckel bedeit wat op déi lëtzebuergesch Verwurelter hiweist.
  • poeffel (am Südoste vum hollännesche Limburg)
  • oliebol oder croustillon (mat Gebeess dran: zu Maastricht) oliebol wëllt soen datt eng Bull am Ueleg gebak gouf
  • Nonnenfurz an Däitschland
  • Nonnefort (1665, Holland)
  • Pets de Nonne (1795, Frankräich)
  • Nonnebreitchen an de Nonnekrapfen zu Lëtzebuerg (beim Nonnekrapfen sinn ech net sou honnertprozenteg iwwerzeecht datt dat Lëtzebuergesch sollt sinn)

Ech warden op déi aner Iwwersetzung Les Meloures 12:12, 20 Mäerz 2007 (UTC)

an och op de Link op déi aner Websäit wéi ech jo recommandéiert krut Les Meloures 12:20, 20 Mäerz 2007 (UTC)


Hei ass mol dee vun deeër déi ech fonnt hunn an d'Websäit déi gefrot gouf Les Meloures 12:18, 20 Mäerz 2007 (UTC)