Diskussioun:Norwegen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Di anonym Ännerunge ware vu mir (sinn automatesch ausgeloggt ginn) Kaffi


Salut dir léif Leit. Hunn e puer Froen a Bemierkungen zum Norwegenartikel.

Zu Geographie[Quelltext änneren]

  • Firwat ass den Abschnitt iwwert d´Klima verschwonn? War +/- eng Iwwersetzung vun der norw. Wiki-Säit. Géif mech als Neien hei just interesséieren ...
  • Bäreninsel ass eng däitsch Iwwersetzung vu Bjørnøya. Menger Meenung no sollt se entweder Biereninsel op letz. heeschen oder awer et kéint een et ganz einfach bei Bjørnøya beloossen. Dat selwecht gelt fir d´Königin-Maud-Land.

Zu Politik[Quelltext änneren]

  • Hei goufe meng Aktualiséierungen leider iwwerschriwwen. Säit dem 17. Oktober 2005 huet Norwegen eng nei Regierung. Di däitsch Wiki ass wat dat ubelaangt net méi ganz um lafenden.

Source: http://odin.dep.no/smk/english/news/press_centre/press_releases/001001-071364/dok-bn.html

  • Sollt “d‘nowegesch Verfassung“ net “d‘norwegesch Verfassung“ sinn?

Allgemeng fannen ech datt di däitsch Wikisäiten zu Norwegen net onbedengt immens gudd sinn. Eis ëstlech Noperen hunn eng éischter “romantesch“ Siicht op d´Land vun de Fjorden a beschreiwen et éischter vun engem “touristeschen“ Point de Vue ;-)

Kaffi 15:11, 27 Oktober 2005 (UTC)

Zënter dem 9. Abrëll 1940 huet sech ebe vill geännert an Norwegen :-)) --Cornischong 15:49, 27 Oktober 2005 (UTC) "Hei goufe meng Aktualiséierungen leider iwwerschriwwen." - Kanns de mer weg soen, wat do geschitt ass. --Cornischong 15:52, 27 Oktober 2005 (UTC)

De Kaffi mengt vläicht dëst. --Otets 22:50, 27 Oktober 2005 (UTC)

Jo, dat war wat ech gemengt hat. Hunn et nees dobäi gesat. Hoffen dat geet an d´Rei Kaffi 11:53, 28 Oktober 2005 (UTC)