Diskussioun:Ons Heemecht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Un den 85.93.194.195[Quelltext änneren]

Et ass interessant fir Artikelen ze "verbesseren", mee fir eppes wat richteg do steet ze "verschlëmmbesseren", dat ass net néideg. ---> "Eis Schreifweis" !! --Cornischong 11:37, 27 November 2005 (UTC)

-)) --Cornischong 01:07, 10 Februar 2006 (UTC)

Fréier Nationalhymn?[Quelltext änneren]

Moien, Huet een eng Ahnung wat deen do méngt? "...La musique a été réutilisée avec des paroles différentes dans deux chansons patriotiques, n'ayant aucun rapport avec l'ivresse ni le sexe: l'ancien hymne du Luxembourg et l'actuel hymne des États-Unis d'Amérique". --Jwh (Diskussioun) 22:40, 15. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wat ass do schwéier ze verstoen? Wann een déi Erklärung virdru liest, misst een et jo awer verstoen.
Cette chanson est une ode à Bacchus, dieu du vin et à Vénus, déesse de l'amour. Les musiciens pouvaient reprendre du vin, si ils arrivaient à chanter correctement un couplet de cette chanson.
Dat d'Musik mat geännertem Text recycléiert ginn ass, ass jo och net esou seelen.--MMFE (Diskussioun) 09:12, 16. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Wat mech géif intresséieren, wat war déi fréier Nationalhymn? --Les Meloures (Diskussioun) 12:37, 16. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]


Moien, Recyclage bei Hymnen ass effektiv näischt Neies: Sou huet Liechtenstein déi selwecht Melodie wéi d'Britten. Wéini an ënnert wat fir engem Numm d'Melodie vum Star Spangeled Banner aka Anacreontic Song d'Lëtzebuergesch Nationalhymn soll gewiescht sinn ass mer awer e Rätsel. Mir ass net bekannt, datt virun der Heemecht eng fréier, aner Hymn existéiert hätt. Dee Commentaire zum Anacreontic Song ass deemno zimmlech sécher an deem Punkt falsch.--Zinneke (Diskussioun) 12:42, 16. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]
Et steet och an der englescher Wiki beim Artikel vum Compositeur. Vläicht sollt een emol do d'Quellen nofroen --Les Meloures (Diskussioun) 13:05, 16. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Warscheinlech geet dem Jwh seng Fro och dorops eraus, wat dat Lidd mat enger lëtzebuergescher Nationalhymn soll ze dinn hunn an ech hu se just falsch interpretéiert. Op dat Lidd hei zu Lëtzebuerg je eng Bedeitung hat wees ech leider och net.--MMFE (Diskussioun) 13:12, 16. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]