Diskussioun:Ouljen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

deem seng gleeweg Biedem .....

Wat soll mat gleeweg gemengt sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 16:12, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien och,

al-lëtzebuergesch fir fruchtbar, et wier wuel besser, deen Ausdrock ze benotzen!?--Ioni (Diskussioun) 16:22, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Immens! Wosst ech net! --Jwh (Diskussioun) 17:58, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Flott wier et allerdéngs ze wëssen wou den Ausdrock an deem Sënn opzedreiwen ass. An den dräi ale Wierderbicher hunn ech en net fonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:22, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Luxemburger Wörterbuch, Bd. 2 (1962), S. 62: “gläweg”, “gleweg”: 1) gläubig, 2) vertrauensvoll, 3) glaubhaft, 4) fruchtbar: “glewege Buedem” (gutes Erdreich, in dem alles gedeiht).--Jamcelsus (Diskussioun) 21:28, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci Jamcelsus. Ech hat leider nëmmen Schreifweis aus dem Artikel nogesicht. --Les Meloures (Diskussioun) 15:09, 14. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
ech hunn et op "fruchtbar" geännert, 't versteet jo kaum nach een et - mä wéi géing et dann haut dës Dags richteg geschriwwe ginn? gleweg oder gleeweg--Ioni (Diskussioun) 15:43, 14. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, et gëtt no der 1999er Orthographiereform "gleeweg" geschriwwen.--Zinneke (Diskussioun) 15:56, 14. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

mat Geschicht ugefaangen[Quelltext änneren]

Hei ass emol en Ufank, ech muss zouginn, dass et mer schonn zimmlech schwéier gefall ass; awer "Übung macht den Meister", an esou wäert et jo hoffentlech ëmmer méi liicht falen ... --Ioni (Diskussioun) 15:05, 14. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, ma dat ass tipptopp fir en Ufank! Ech si gespaant op de Fortgank.--Zinneke (Diskussioun) 16:07, 14. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Toponymie ass nach net fäerdeg, 't ass e Chantier mat ville Referenzen, op déi ech nees zréck kommen.--Ioni (Diskussioun) 12:52, 15. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
gepackt, ech wëll et awer spéider nach eng Kéier kontrolléieren. Ech hoffen dass dat Zitéiere mat der Joreszuel an der Referenz esou erlaabt ass, soss muss ech mer eppes anescht afale loossen.--Ioni (Diskussioun) 16:10, 15. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Historesch Dokumenter ass nach net ofgeschloss --Ioni (Diskussioun) 22:48, 16. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
et geet nach weider, ech hat e puer Problemer mam multiplen Zitéieren--Ioni (Diskussioun) 00:06, 17. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Verglach mat deenen aneren Uertschaften, Ouljen läit haut awunnerméisseg an der Mëtt--Ioni (Diskussioun) 15:40, 18. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
"Hiwwelgriewer" amplaz "Tumuli"--Ioni (Diskussioun) 19:54, 18. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
den Acte vun 1096 bäigesat an eng Referenz op de Paul Modert gemat, wou ee méi iwwer Tumuli gewuer gëtt--Ioni (Diskussioun) 14:27, 21. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
nach e puer Dokumenter dra gesat--Ioni (Diskussioun) 15:46, 21. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Toponymie[Quelltext änneren]

dat mat den Häre Wies an de la Fontaine - wou ech keng Sourcen uginn hat - steet esou am Nicolas Léonardy sengem Artikel an der Heemecht 8 (1902) op Säit 196: "Herr Wies und Herr de la Fontaine ziehen diese Ableitung vor" ouni iergendeng Quell ze nennen. Beim Engling verweist de Léonardy eemol op "Publ. VI a. 1850" an eemol op "Publ. VII S. 235 und 226". Ob hien domat wuel PSH mengt?--Ioni (Diskussioun) 20:36, 17. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Dëse Geschichtsartikel gouf - bis d'Versioun vum ... - am Kader vum Seminaire "Lokalgeschicht" op der Uni Lëtzebuerg ugeluecht, respektiv ausgebaut.
Méi Informatiounen dozou op der Säit Wikipedia:Lokalgeschicht.