Diskussioun:Päifenneijoerschdag

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Op der "Wikipedia:Regelen"-Säit liesen ech ënner "Wikipedia ass eng Enzyklopedie": "Wikipedia ass keen Dictionnaire ..." --Cornischong 18:48, 12 Januar 2006 (UTC)

Esoubal e schlaue Kapp eis an den Artikel schreift wat dat Ganzt mat Mokuch ze dinn huet, dann dierft den Artikel wuel awer an d'Enzyklopedie gehéiern. Aner Sproochen hunn e jo schliisslech och. --Otets 18:54, 12 Januar 2006 (UTC)

Datt ech den Ausdrock "Päischten-Neijooschdag" nach ni héieren a gelies hunn ass eng Saach, mee kann ee mär deen an iergendengem Buch oder iergendwou weisen? Den DLW gebraucht iwwregens fir den "Nimmerleinstag" d'Wuert "Päifenneijoerschdag" an d'Wörterbuch och; an zoussätzlech: Päipelneijoerschdag; an deeër aler Schreifweis natierlech. --Cornischong 19:02, 12 Januar 2006 (UTC)

Waarde mer lo nach op eng Erklärung iwwer den Hellege Mokuch? (de:Sankt Nimmerlein) --Cornischong 19:09, 12 Januar 2006 (UTC)

Jo, dach. Deen Artikel ass wéi gudde Wäin, gëff em Zäit. --Otets 21:06, 12 Januar 2006 (UTC)

D'Fransousen hu keen eegenen Artikel fir "Saint-Glinglin". (vum Myriam)

Dofir hu mär alt eppes, dat et souguer net gëtt: "Päischten-Neijooschdag". --Cornischong 11:00, 13 Januar 2006 (UTC)

D'Fransousen erklären hiert Saint glin-glin an enger grousser Lëscht vu franséischen Ausdréck. Wann s de der doudsécher bass datt et "Päischten-Neijooschdag" net gëtt, ma dann huel dat Wuert aus dem Artikel eraus an ersetz et duerch "Päifenneijoerschdag" a "Päipelneijoerschdag", wou läit de Problem? --Otets 13:26, 13 Januar 2006 (UTC)

Wat soll dee puren Onverstand? Wat fir en Dialekt soll dann de Mokuss sinn? Mer ware schonns genuch am Héieresoeland, lo si mer och nach am Iergendeppesbehaapteland ukomm! Ech hat alt geduecht, mer hätten eis erkritt. --Cornischong 10:54, 15 Januar 2006 (UTC)