Diskussioun:Péitersdoum

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et ass dat gréisste réliéist kathoulescht Bauwierk,: dat ass et sécher net, well dat ass d'Basilika Notre-Dame de la Paix zu Yamoussoukro an der Côte d'Ivoire. Et ass dat gréisste réliéist kathoulescht Bauwierk, .... well et och dat bekanntest ass.: dat ass dach eng komplett vermurkste Logik. Et ass keng Kathedral wéi dacks gemengt gëtt: Wann e Mënsch an eng "Enzyklopädie kuckt, dann ass et net fir gewuer ze ginn, wat eppes net ass, mais éischter fir gewuer ze ginn wat eppes ass. Wéi dacks gemengt gëtt: Gëtt et dozou Statiktiken? Ass bekannt, wéi dacks een dat mengt. Ass et wichteg, gewuer ze ginn, wat deen een oder deen anere mengt? well et net d'Kierch vum Bëschof vu Roum ass: Do gi mer erëm gewuer, wat et net ass. 120 m héich), :An der däitscher Wikipedia steet, de "Péiterdoum" (esou heescht dat op Lëtzebuergesch) wier 132,5 m héich. och alt Péitersdoum genannt: Och alt ass gutt gesot. Déi Kierch gëtt hei am ganze Land "Péitersdoum" genannt a sécher net San Pietro in Vaticano. An der Wikipedia an englescher Sprooch ass ze liesen: officially known in Italian as the Basilica di San Pietro in Vaticano. et ass d'Kierch vum Poopst: Wat bedeit dat? Ass et seng? oder méi genee am Vatikan: "oder méi genee", ass dat de Stil vun enger Enzyklopedie? Et ass sécher ze hoffen, datt d'Wikipedia op Lëtzebuergesch eng wichteg Roll spillt an der Etnwécklung vun der Lexikographie am Land. Awer net mat sou Gebraddels wéi dat iwwer de "Péitersdoum". E Bléck an déi op Däitsch oder anerer, misst dach weisen, datt et och sérieux geet. NLinckels


Wa mer schonns talken
Dat hei steet och an der de:Wiki
Abgesehen von den Außenmaßen ist die Basilika von Notre-Dame de la Paix ohne Außenbauten kleiner als der Petersdom. Zum Vergleich: Der Petersdom fasst bis zu 60.000 Menschen. Les Meloures 11:21, 11 Oktober 2007 (UTC)


D'Gréisst vun engem Gebai gëtt net duerno gerechent, wéivill Leit draginn. Vläicht hëlleft d' Guinness Buch vun der Rekorder weider, wann dat Beispill net zevill trivial ass; an deem ass déi "gréisste Kierch vun der Welt" d'Basilika Notre-Dame de la Paix zu Yamoussoukro. NLinckel

Alles leisst sech besser hei erklären da spure mer mer ons all dat Getalks Basilika Notre-Dame de la Paix.
An dat hei steet och an der lb:Wiki (an zwar hei): De Projet ass ausserdeem e Wiki. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jidderengem. Also hues DU d'Méiglechkeet dësen Artikel esou ze verbesseren wéi e misst sinn. Wéi heescht et an der däitscher Reklamm: Es bleibt noch viel zu tun, packen wir's an. --Pecalux 13:41, 11 Oktober 2007 (UTC)


Dovun ofgesinn Datt d'Gréisst vun engem Gebai och net mat der Héicht a mat der Fläch ugi gëtt, mee mat dem reell verbaute Volume. Wa mer dovunner Donnéeen hätte wier alles vill méi kloer.

Ech hun och déi falsch Ausso aus dem Artikel eraus geholl. Et wonnert mech just datt och an der de: Wiki bei det Notre-Dame de la Paix steet et wier keng Kathedral. Wa mer déi da schonns hei uewen als Referenz uginn, stelle mer fest datt esou eng wat et net ass deenen anscheinend wichteg genuch ass fir et an den Artikel ze setzen.

Sou wéi dat an der Wiki ass gëtt dann den Artikel iwwer de Péitersdoum deen nach ëmmer eng schappeg Szizz ass, wéi op d'mannst 3000 Artikelen an der lb:Wiki wou och nach eng Hällewull Feeler dra stinn, eng Kéier vun engem User an d'A geholl, an opgefëllt, an och vläicht dee vun der Basilika Notre-Dame de la Paix ugefaangen. Vun deenen iwwer 1000 agedroenen Useren wäert da vläicht eng Kéier een Erbaarme mat deene Weesekanner hunn. Les Meloures 13:44, 11 Oktober 2007 (UTC)

Wou kommen déi 60.000 Leit hiir? Dat steet och op der fr. Säit an haut a Focus Online. Wann d'Gebai eng Fläch vu 15.000 m2 huet, an et Zitat een d'Maueren, Altär etc. of, kritt e vläicht 10.000 Leit eran. 60.000, dat Sinn dann. Doudéger déi openenee leien... --Alibarthel
Eng 6 einfach mat enger 2 ersetzen a schonn ass den Zodi gedoen. --91.180.254.210 12:29, 9. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]