Diskussioun:Paräisser reliéis Gebaier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Den Dôme des Invalides gouf .... Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass,": Den Dôme ass kaum eng Kierch well e kee geweiten Altor huet, a well en iwwerhaapt keng Funktioun vun enger Kierch huet, mee en ass eng no uewen oppe Krypta. D'Kierch ass d' "cathédrale Saint-Louis-des-Invalides", bei deeër de Chouer un den Dôme stéisst. --Cornischong 23:46, 1 Oktober 2006 (UTC)

Hei hu mer et mat engem Sammelartikel ze dinn, an deem aacht Kierchen an engem Artikel behandelt ginn. Dat féiert dozou datt et keen Interwikilink gëtt, datt keen dësen Artikel duerch eng Sich fënnt. Ech hu grouss Zweifelen, datt mer wéinst der Zuel vu Mataarbechter eis et leeschte kënnen, nieft dem Sammelartikel och nach bei all Kierch zousätzlech en eegenen Artikel ze kréien. Ech widerhuele mech, wann ech "mengen", et wier besser gewiescht, dësen Artikel opzesplécken op déi eezel Kierchen, also aus dësem 8 eenzel Artikelen ze maachen. Sou Sammelsertikele maachen duebel Aarbecht a bréngen net vill, mengt de --Cornischong 07:43, 2 Juni 2007 (UTC)
No 12 Joer sinn dann elo eenzel Kierchenartikelen entstanen, sou datt dëse Sammelartikel kéint geläscht ginn, oder? GilPe (Diskussioun) 06:23, 21. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]
Ass gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 08:50, 21. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]