Diskussioun:Paschtéit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D'Gefëlls dat dra kënnt ass zesummegesat aus klenggeschniddene Fleeschstécker, traditionell Héngerfleesch a Kalleffleesch (vun der Schëller), ..": - Déi Saach mam Kalleffleesch ass mär nei an ech hunn emol de grousse Pellaprat gefrot. Bei de Bouchées à la reine geet do Rieds vun engem Salpicon mat Hong, Champignonen an Trüffelen, gebonne mat Gefligelramzooss, oder Purree vum Hong a Ram gefëllt. Nix Kallef (et kënnen deeër jo och net iwwerall sinn). --Cornischong 22:34, 9 Dezember 2006 (UTC)

Salpicon ass sou wäit wéi ech weess e Gemësch vu Fleeschzorten an net vun Hong Chompignonen an Trëffelen. Seet de grouuse Pellaprat dann och wat e Salpicon ass Les Meloures 23:14, 9 Dezember 2006 (UTC)

P.S.Um Internet stinn op d'manst nach 10 verschidde Rezepter souguer mat Schléken.
Opjiddferfall déi mat den Tüffelen kan ech mer net leeschten soss kréien ech all Joer nëmmen eng Hallef :-))

Salpicon si Geméis- oder Fleeschstécker, déi a kleng Wierfele geschnidde sinn. Do geet et also nëmmen ëm d'Form. Den Internet mam Pellaprat ze vergläichen trauen ech mech net.--Cornischong 23:54, 9 Dezember 2006 (UTC)

Definitioun déi ech fannen: Salpicon (spuenescht Wuert) Mélange de plusieurs sortes de viandes accompagnées de truffes et de quenelles pour garnir les croûtes feuilletées.
Wann déi méi Gescheit sech net eens sinn waat solle mir da maachen Les Meloures 00:11, 10 Dezember 2006 (UTC)