Diskussioun:Paul Veyne

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

a merci fir deen ausféierlechen Artikel!

Ech hu kleng Ännerunge gemaach (Vergaangenes an d'Vergaangenheet gesat, Wiki-linken, hei an s do e Schreif- oder Tippfeeler, soss kleng stilistesch Saachen). Liest vläit eng Kéier no, op ech net ongewollt e Sënn verstallt hunn.

Eng kleng Fro zu engem Saz deen net ganz kloer ass (bei "Wierker"): D’Wierker vum Paul Veyne si ganz kritesch an der moderner Geschichtsschreiwung ugepasst. Wat heescht dat, datt eppes "kritesch an eppes ugepasst ass"? Merci, dat vläit ëmzeformuléieren.

A just als klengen Hiweis: all roude Link ass en Artikel, deen et nach net gëtt. Falls Der Loscht an Zäit hutt, deen een oder aneren unzeleeën (et muss net esou ausféierlech si wéi hei): nëmmen duer :-)

Bescht Gréiss,

--Zinneke 11:14, 1. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]