Diskussioun:Pazifikkrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Link FA|de

Link FA|pl

Dës zwéi Linke stinn am Artikel. Wat bewierken déi ?? Les Meloures 15:28, 7 November 2006 (UTC)

Eigentlech ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. De Krich am Pazifik huet awer eréischt mat der Krichserklärung vu Japan un USA a mam Ugrëff op Pearl Harbor de 7. Dezember 1941 ugefaangen, an dat nodeem de President Roosevelt deen net mat der japanescher Expansiounspolitik a China d'accord war, e leschten Appel un de Keeser Hirohito geriicht hat fir eng Zukunft mat Doud an Zerstéierung an der Welt ze vermeiden.

Geschichtlech Hannergrënn[Quelltext änneren]

Vum Isolationismus zum Imperialismus[Quelltext änneren]

Commodore Matthew C. Perry, US Navy

D'Wuerzele vun der aggressiver Expansiounspolitik, déi Japan dozou bruecht hunn 1941 d'Vereenegt Staate vun Amerika an hir Alliéiert z'attackéieren, gi wäit zréck.

Bis 1853 hat Japan sech komplett isoléiert an et ass weder e Wueren- nach e Kulturaustausch ginn. An deem Joer ass den amerikanesche Commodore Matthew C. Perry mat sengem Krichsschëff an d'Bucht vun Tokyo geseegelt an huet quasi mat Waffegewalt Japan vum Mëttelalter an déi modern Zäit katapultéiert.

D'Japaner hu sech ganz séier un de westleche Standard vun der Masseproduktioun a Konsumgesellschaft ugepasst, mä si hunn natierlech och am diplomateschen a militäresche Beräich gutt geknäipt. Bis 1894 huet Japan ee Krich géint China fir Korea, Formosa, d'Mandschurei an d'Hallefinsel Liatung ze besëtze gefouert a gewonnen.

D'Hallefinsel Liatung war awer wéinst den Häfe Port Arthur an Dairen immens wichteg fir Russland, Däitschland a Frankräich. Duerch e behäerzt Agräife vun dëse Länner koum Liatung ënner d'Kontroll vu Russland. Awer nëmme bis 1904, dunn huet nämlech Japan dem Zar vu Russland net nëmme Liatung ewechgeholl, mä och ee gudden Deel vun der Mandschurei an ee Koup Schëffer versenkt.

Japan huet virun allem d'Unerkennung vun der westlecher Welt gesicht, ee Grond firwat d'Mandschurei net einfach ausgebeut ginn ass, mä et si ganz beträchtlech Fongen investéiert ginn. Honnertdausende vu Siidler aus Japan, China a Korea hu sech do een neit Liewen opgebaut. Virun allem Japan huet massiv demographesch Problemer gehat, well et zanter 1853 zu enger regelrechter Bevëlkerungsexplosioun komm war.

Nationalismus an Expansiounsdrang[Quelltext änneren]

Et gouf eng Rei vun nationalistesche Bewegungen a Japan. Dës konservativ Gruppe wollten entweder d'Mandschurei als Vasallestaat krééieren, oder si wollte ganz einfach China als Muechtfaktor an Ostasien ausschalten. Eng kleng Grupp ronderëm d'Offizéieren Ishihara an Itagaki hunn de 4. Juni 1928 de Marschall Chang Tso-Lin ëmbruecht. Hie war de Chef vun der japanescher Kwantung Arméi an der Mandschurei, also quasi vun der Regierung vun dëser Provënz. No sengem Doud hunn den Ishihara an den Itagaki alles dru gesat fir Japan ëmmer méi an der Mandschurei fest ze setzen, wat hinnen och gelongen ass. De Prënz Mikasa, jéngste Brudder vum Keeser Hirohito, huet an engem Interview 1966 gesot, datt dës Aktiounen d'Wuerzel vum spéidere Krich géint Amerika waren. Effektiv huet dëst Attentat mëttelfristeg zum Krich mat China gefouert.

Japan am Éischte Weltkrich[Quelltext änneren]

Am Éischte Weltkrich huet Japan op der Säit vun der Entente gekämpft an zum Beispill Inselen am Pazifik besat, déi zum déitsche Kolonialräich gehéiert haten.

China um Ufank vum 20.Joerhonnert[Quelltext änneren]

Zanter dem Boxer-Opstand am Joer 1900, wou een internationaalt Expeditiounskorps vun europäeschen, amerikaneschen a japaneschen Truppen Peking besat haten, hunn dës Länner däerfen Truppen op strateegesch wichtege Punkten a China ënnerhalen. China dat an engem Biergerkrich tëscht Nationalisten a Kommunisten war, huet duerch Vermëttlung vum d'Chou En-lai den Chiang Kai-chek an de Mao Tse-tung mat engem gemeinsamen Zil vereenegt: d'Japaner aus China ze verdreiwen. Dës Allianz gouf formell de 5. Juli 1937 ënnerschriwwen.

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

Militärputsch zu Tokyo[Quelltext änneren]

Nationalistesch Bewegungen hunn tëscht dem Éischten an dem Zweete Weltkrich ëmmer méi Zouwues kritt an eng ganz Rei vun Attentater goufen ausgefouert "fir dat Bescht vum Vollek" . A Japan gouf e Verbriechen dat zum Wuel vum Vollek gemaach gouf, nëmme liicht bestrooft. Ganz dacks hu sech d'Attentäter awer duerch Hara-kiri (Suizid) den Éierendoud ginn.

An der Nuecht vum 25. op de 26. Februar 1936 huet déi stäerkst nationalistesch Bewegung mat der Hëllef vun der Kempetai (Militärpolizei) an der 1.Divisioun vun der regulärer Arméi eng Rebellioun ugefaangen, mat dem Zil de Keeser vun hirer Reformpolitik z'iwwerzeegen. Déi wichtegst Politiker sollten entweder ëmbruecht ginn oder festgeholl ginn, fir datt si sech beim Tennō (Keeser) fir Reforme sollten asetzen. Grondgedanke ware Reformen; d'Economie vu Japan war an den Trëndel vun der grousser Depressioun an Amerika an Europa gezu ginn, si waren zum Beispill géint een Ugreff op China. E klengen Extrait aus hirem Pamphlet: "…de Kaiser régéiert mat onverännerter Muecht…fir datt all Mënsch ënner der Sonn säi Liewe ka voll a ganz genéissen. Déi lescht Jore sinn allerdéngs ëmmer méi Persounen opgedaucht, deenen et just dorëms geet, sech perséinlech materiell ze beräicheren, onofhängeg vum Wuelstand vun der Allgemengheet…".

De Putsch, a Japan ënner dem Numm 2/26 bekannt, gouf schonn no zwéin Deeg vun de Rebellen opginn a koum onbluddeg op en Enn, ausser natierlech fir déi siwe Politiker, déi hiert Liewe gelooss hunn, wéi och déi 13 Offizéier a 4 Zivilisten, déi zum Doud verurteelt an den 12. Juli 1936 higeriicht goufen.

D'Arméi wollt ënner allen Ëmstänn een zweet 2/26 verhënneren. Dofir sinn d'Sympathisante vun der Keeserlecher Clique an d'Pensioun oder op onbedeitend Poste wäit ewech vum Muechtzentrum Tokyo geschéckt ginn. Awer d'Arméi wollt de Problem un der Wuerzel paken, nämlech Aarmut a Korruptioun bekämpfen, op hir Aart a Weis natierlech. Zum Beispill ass d'Krichsrecht, während der Rebellioun ausgeruff ginn, méintlaang oprecht erhale ginn, an d'Militär huet ëmmer méi Afloss op d'Politiker geholl. Den neie Premierminister Hirota huet dem Dirängele vun der Arméi noginn, datt de Krichsminister muss vun den héchsten dräi Genereel vum Militär approuvéiert ginn. Domat hat d'Militär en Instrument an de Grapp kritt, fir all Regierung kënnen zum Recktrëtt ze zwéngen. Sou wollt d'Arméi, oder besser d'Kontroll Clique wéi se genannt gouf, d'Reforme vun der 2/26 Grupp ëmsetzen. Natierlech si si hirer Basisiddi vun enger Expansioun a China trei bliwwen.

Mä och ouni Keeserlech Clique waren nach ëmmer aflossräich Leit zu Tokyo, déi d'Expansioun wollten andämmen, sou wéi z. B. den Ishihara. Hien a seng Unhänger waren nach ëmmer fir eng Industrialiséirung vun der Mandschurei, besser Relatioune mat National China ënner dem Chiang Kai-chek an hunn nach ëmmer d'Kommunisten (a Russland an a China) als hiren Haaptfeind ugesinn. Op kee Fall wollte si e Konflikt mat de USA oder Groussbritannien.

Japaneschen Afloss an Nordchina[Quelltext änneren]

An de Joren 1935 an 1936 huet de Befehlshaber vun der japanescher Kwantung-Arméi an der Mandschurei, de Generol Kenji Doihara, et fäerdeg bruecht datt déi fënnef nërdlechst chineesesch Provënze sech vu China ofgespléckt haten. Zum Schutz vun den neie Kollegen, an natierlech de japaneschen Interesse si 5000 japanesch Zaldoten an déi Provënzen ageréckt.

De Chineesesch-Japanesche Krich[Quelltext änneren]

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

Den Tëschefall bei der Marco Polo Bréck[Quelltext änneren]

Tëscht Februar a Juni 1937 ass d'Parlament vum Hirota opgeléist ginn, well de Krichsminister zréckgetruede war. D'Arméi huet probéiert een aneren Hardliner an déi nei Regierung ze kréien. Japan stoung virun der Entscheedung weiderhin eng parlamentaresch Monarchie ze bleiwen oder awer faschistesch ze ginn.

Den neie Premier Minister, de Senjuro Konoye, een 46 Joer jonke Mann, hätt kennen d'Saach retten. Hie war vun alle Säiten unerkannt a wollt Japan mat Reformen an een neit Zeitalter bréngen.

De 7. Juli 1937 ass et bei der Marco Polo-Breck, no bei Peking, zu enger Schéisserei tëscht japaneschen a chineeseschen Truppe komm. No engem éischte Schosswiessel, bei deem ee japaneschen Zaldot emkoum, hunn déi responsabel Offizéier ee Waffestëllstand ausgehandelt. Leider koum et direkt drop nees zu engem Schosswiessel, deen zu enger japanescher Konterattack gefouert huet. Den nächsten Dag sinn d'Japaner an d'Chineese sech awer eens ginn an d'Japaner hu sech zeréckgezunn. Währenddeems gouf nees op si geschoss, déi zwou Säiten hu sech géigesäiteg d'Schold ginn.

Nom Krich hunn d'Genereel vu beide Säiten hir Meenung gesot datt dee ganzen Tëschefall entweder vu japanesche radikale Militär oder vun de chineesesche Kommunisten ugestiwwelt gi war. Virun allem déi kommunistesch Theorie schéngt plausibel, well et zum Mao Tse-tung senger Stratégie gepasst hätt, fir Nationalchina géint d'Japaner auszespillen.

Nodeem d'Parlament zu Tokyo zesumme mat dem Militär fir d'éischt op Deeskalatioun gesat hat, huet eng Grupp vun Expansionisten et fäerdeg bruecht, de Konoye an souguer den Ishihora dovun z'iwwerzeegen, datt et néideg wier, zum Schutz vun de Japaner an Nordchina, Truppen ze schécken. 4 Divisiounen an 2 Brigade sinn doropshin a Richtung Nordchina a Marsch gesat ginn.

Bei der Marco Polo-Bréck ass och een neie Waffestëllstand gebrach ginn. Déi Kéier hunn déi zwéin héchst Genereel vu béide Säiten, de Sung Chi-yuen an den Hashimoto (iwweregens gutt Kollegen) de Sträit bäigeluecht.

Leider hat keng vun den zwou Regierungen eppes dovu mattkritt. De 16. Juli huet Tokyo eng Note un den Chiang Kai-chek geschéckt, keng Truppe méi an Nordchina ze schécken. Dee war doriwwer natierlech sou rosen, schliisslech war dat eng direkt Amëschung an bannenzeg Ugeleeënheete vu China, datt hien eng aggressiv Äntwert ginn huet. Elo eréischt koum dem Hashimoto säi Message zu Tokyo un, datt alles an der Rei ass. Tokyo stoppt all Truppebewegung an souguer d'Expansionisten otmen op, datt de Krich nach eng Kéier konnt verhënnert ginn.

Eskalatioun vum japanesch-chineesesche Konflikt[Quelltext änneren]

Ouni konkret Reaktioun vum Chiang Kai-chek op déi nei Situatioun kennt et de 25. Juli zu Lanfong, eng 70 Kilometer südlech vu Peking, nees zu enger Schéisserei déi ganz séier eskaléiert. Dem Hashimoto säi Chef scheckt direkt massiv Verstärkungen op Lanfong. Nach Méi schlëmm, 1 Divisioun gouf op Schanghei, an eng aner op Tsingtao geschéckt.

De 27. Juli deklaréiert de Premier Konoye datt Japan elo eng "Nei Uerdnung" an Asien géif schafen. D'Japaner ware sech eens, datt déi japanesch Interessen a China beschützt misste ginn.

De Generol Katsuki lancéiert eng Strofexpéditioun géint d'chineesesch Arméi.

Den 28. Juli bombardéiere japanesch Loftsträitkräft dräi chineesesch Stied a japanesch Buedemtruppen hu Peking ugegraff.

Japan an d'Vereenegt Staate vun Amerika op Konfrontatiounskurs[Quelltext änneren]

De 5. Oktober 1937 hält de Frankin D. Roosevelt, President vun den USA, seng Quarantän Ried an därer hien d'Welt oprifft Japan ënner Quarantän ze stellen, soll heeschen Japan vum Welthandel auszeschléissen. Den Dag nodeem de Vëlkerbond Japan offiziell wéinst dem Krich géint China verurteelt schléisse sech d'USA dësem Communiqué un. Déi japanesch Réaktioun ass séier a batter. De Matsuoka, ee japaneschen Diplomat verbreet datt Japan am Gaang wier z'expandéieren an datt et normal wier wann aner Länner dat als eng Bedroung géifen ugesinn. Et kéint ee jo d'Indianer vun Nord- a Mëttelamerika froe wéi si d'Expansioun vun de Vereenegte Staate empfonnt hätten.

Japanesch Krichsziler[Quelltext änneren]

Am sëlwechten Otemzuch huet de Matsuoka déi zwee Krichsziler vu Japan kloer ernimmt : de Kolonialismus vum wäisse Mann an Asien opzehaalen de Kommunismus zréckzedrängen Japan géif also quasi fir ganz Asien d'Kräiz droen, Endzil war d'Schafe vun enger Groussasiatescher Wuelstandssphär ënner japaneschem Schutz.

Kanouneboot-Tëschefall um Yangtze[Quelltext änneren]

Amerikanescht Kanouneboot USS Panay, vu japanesche Fliiger versenkt, 12. Dezember 1937

Am Dezember 1937 sinn zwee Kanounebooter, een amerikanescht an ee brittescht, um Yangtze Floss a China vu japaneschen Truppen ugegraff ginn. Doropshin huet de Franklin D.Roosevelt nach eemol, vergeblech, probéiert de brittesche Premier Neville Chamberlain dozou ze bréngen Japan ënner Quarantän ze setzen. Déi zwou Krichsmarinen hu schonn d'Pläng fäerdeg am Tirang leien fir d'Blockade ronderëm Japan ze leeën. Mä leider bleiwen dës Pläng am Tirang.

Nodeem Japan sech offiziell entschëllegt hat gouf den Tëschefall ad acta geluecht.

De Fall vun Nanking[Quelltext änneren]

Japanesch Grausamkeeten un der chineesescher Zivilbevëlkerung, Dezember 1937

Den 13. Dezember 1937 ass Nanking, déi deemoleg chineesesch Haaptstad, a japanesch Hänn gefall. Obschonn den zoustännege Generol Matsui sech fir eng friddlech an ziviliséiert Besetzung agesat huet, koum et zu grausame Schluechtereien a brutalen Iwwergrëffer op d'Zivilbevëlkerung. Méi wéi ee Mount laang hunn déi japanesch Besatzungstruppe gehaust wéi déi Wëll. Souguer déi verbündet Däitsch hunn an hiren offizielle Rapporten déi japanesch Arméi eng bestialesch Maschinnerie vernannt. Ongeféier een Drëttel vun der Stad ass niddergebrannt ginn, Massenexekutioune vu Männer am krichsfäegen Alter, Vergewaltegunge vu Fraen, kalbliddeg Mäerdereien u Kanner an ale Leit waren alldeeglech. Et gëtt geschat datt méi wéi 300.000 Zivilisten hiert Liewe verluer hunn.

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

Kee Wee méi zréck[Quelltext änneren]

Ufank 1938 hunn déi japanesch Autorithéiten eng lescht Kéier d'Hand a Fridden no China ausgestréckt. Allerdéngs waren d'Konditiounen inakzeptabel. De 16. Januar 1938 huet de japaneschen Premier Konoye all Verhandlunge mat National-China ofgebrach, fir an Zukunft nach just mat der chineesescher Marionette-Regiurung zu Peking ze verhandelen. Am Mäerz 1938 goufe Gesëtzer gestëmmt, déi der Arméi total Bewegungsfräiheet an alle krichsrelevanten Affäre ginn huet. D'Economie gouf op Krichséconomie ëmgestallt an d'Bevëlkerung gouf op de Krich bis zum batteren Enn virbereet.

Kokutai a Kodo waren déi zwee grouss Sloganen fir d'Japaner an och all aner asiatesch Vëlker ënner dem [[Japanesche Fändel|Fändel vun der Sonn, déi opgeet ze vereenegen, am Kampf géint de wäisse Kolonialismus an de roude Kommunismus.

Wat war soss nach lass an der Welt[Quelltext änneren]

Muechtstrukturen an Asien, 1939

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

De Krich a China gëtt zum Stellungskrich[Quelltext änneren]

Déi japanesch Offensiven a China bleiwe stiechen, de chineesesche Widderstand weist éischt Erfolleger. Dëse Widderstand gëtt ëmmer méi massiv mat Material beliwwert wat direkt aus den USA kënnt. Natierlech bleift déi offiziell Politik vun den Amerikaner neutral.

Déi japanesch-russesch Relatiounen[Quelltext änneren]

Traditionell schlecht, no dem russesch-japanesche Krich vun 1904-05 dee Japan konnt fir sech entscheeden hunn d'Russe sech allerdéngs mat Aggressiounen zréckgehalen. An de Joren 1938 an 1939 koum et ëmmer méi dacks zu Grenzstreidereien an der Mandschurei, tëscht Japan an der Sowjetunioun. Dëst huet zu ausgewuessene Schluechte gefouert déi d'Japaner 1939 méi wéi 50.000 Zaldote kascht hunn. Dëse Konflikt hat zwou direkt Konsequenzen. Éischtens huet dat japanescht Militär eng radikal Moderniséierung vun der ganzer Arméi duerchgesat an zweetens huet sech Japan ëmmer méi zu Däitschland an Italien higezu gefillt.

Wat war soss nach lass an der Welt[Quelltext änneren]

Fichier:ParisHitler.jpg
No der Kapitulatioun vu Frankräich, den Adolf Hitler zu Paräis, Juni 1940

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

Indochina[Quelltext änneren]

De Krich a China ass zum Stellungskrich ginn, an déi japanesch Genereel denken un de Réckzuch, zréck an Nordchina. Dëse Pessimismus gëtt am Mee-Juni 1940 spontan zum Optimismus an nach méi zum Opportunismus. Déi däitsch Wehrmacht huet nämlech an aacht Wochen d'Benelux Staaten a Frankräich iwwerannt an dobäi och nach déi bescht englesch Truppen zerstéiert. D'Japaner hunn hir grouss Chance gesinn, Frankräich Indochina ewechzehuelen. Mat senge Matière premièrë Gummi, Bläi, Tungsten, Kuel a Räis war Indochina fir Japan liewenswichteg! Et huet net laang gedauert bis déi franséisch Vichy-Regierung de Japaner et erlaabt huet Militärbasen an Indochina opzeriichten. Vun dësen ass dann och prompt China ugegraff ginn.

Den Dräierpakt[Quelltext änneren]

De 27. September 1940 ass den Dräierpakt tëscht Däitschland, Italien a Japan offiziell ënnerschriwwe ginn. Dat huet natierlech d'Amerikaner nach méi dovun iwwerzeegt datt Japan net besser wier wéi Nazidäitschland oder de Faschismus an Italien. D'Japaner hu sech vun dësem Kontrakt versprach, datt d'Amerikaner net sou séier militäresch géifen agräifen, aus Angscht virun engem Krich an Europa. Et sief nach gesot datt souwuel de Keeser wéi och d'Krichsmarin vu Japan géint dëse Pakt waren.

Wat war soss nach lass an der Welt[Quelltext änneren]

De Krich gëtt zum Weltkrich[Quelltext änneren]

Japan besetzt Südostasien[Quelltext änneren]

Japanesch Ugrëffspläng fir d'Eruewerung vu Südostasien, 1941-1942

Wichteg Deeg[Quelltext änneren]

Wichteg Schluechten[Quelltext änneren]

Wat war soss nach lass an der Welt[Quelltext änneren]

Spillfilmer iwwer de Pazifikkrich[Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.