Diskussioun:Perl oder Pica (Film)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et ass ower ëmmer nees interessant ze gesinn wat bei Iwwersetzungen erauskennt. An dësem Fall ass et d'Iwwersetzung vun dësem Artikel an der de-Wiki. Klunni

Maja, hei geet och näischt rieds, datt "hundert Meter von Jhemp Hoscheits Elternhaus " Zeene gedréit gi sinn. D'Preise wëssen dofir näischt iwwer d'Papeterie vum Papp; villäicht war et keng? Villäicht huet de Mann just Schreifmaschinnen a reliéist Allerlee verkaaft. Ech hoffen, datt hei awer ee Fotoen huet vun den Dréiaarbechten. De Schnékert waart schonns drop. --Den Tedektif 12:54, 10 Oktober 2006 (UTC)

De Klunni huet eigentlech eppes anescht gemengt. Zitat aus der de-Wiki:
Perl oder Pica ist ein luxemburgisch-österreichischer Spielfilm aus dem Jahr 2006, der auf dem Roman Buch mam selweschten Numm von Jhemp Hoscheit basiert. (vum Klunni)

Fir ze klaue si se wuel net lous genuch. :-))) --Cornischong 13:14, 10 Oktober 2006 (UTC)

Och mat den Distanzen gi sech allerlee kënschtlerech Fräiheeten erlaabt: vun der Origerstrooss bis op d'Place des Remparts sinn et gutt a gär 300 m. Mee dat just niewelaaangscht. "Buch mam selweschten Numm": Dee Romantitel muss ech mer direkt schütze loossen ;-) --Zinneke 16:04, 10 Oktober 2006 (UTC)

Perl oder Pica ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Pol Cruchten, deen am Summer 2005 gedréint gouf an den 13. Oktober 2006 Première am Kino Ariston hat. Et ass eng Verfilmung vum Buch mam selweschten Numm vum Jhemp Hoscheit.

D'Premiere ass de nächste Freiden der lb: Wiki no an déi däitsch hun de Kaabes natiirlech och sou afgeschriww Vive Wikipedia. Les Meloures 16:18, 10 Oktober 2006 (UTC)

Den Avenir loung an der Zukunft, an an 3 Deeg ass et fir ëmmer richteg ;-) Z.


Wees iergendeen wéini d'DVD erauskënnt?

viru Chrëschtdag dëst Joer.--20:26, 11 Mäerz 2007 (UTC)~


Wou kann een den DVD vum Film (online) kafen?

Gudden Owend. (Souvill Zäit huele mer äis: http://eshop.cna.public.lu/scripts/foxisapi.dll/MercatorIshop.MercatorIshop.nextPreviousItem?dir=next&n=5&page=start2&le_contenu=0&x=128&y=6 --Cornischong 17:28, 23. Mäe 2008 (UTC)