Diskussioun:Philippe Barbier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Zitat: "Hien hat erausfonnt datt, wann een e Keton (R-CO-R) mat Iodmethan (Methyiodid CH3I) vermëscht an dobäi nach metallesche Magnesium benotzt, da gëtt dat R2(CH3)C-OH." Dee Saatz do ass fir mech net ganz kloer, wat ass dann R2(CH3)C-OH? Ech hätt am Fong erwaart dass dat eng metallorganesch Verbindung wier wou Magnesium dra virkënnt. Oder sinn do nach e puer Zwëschenetappen am Spill. Hätt een net besser en zousätzlechen Artikel fir Grignard-Reaktioun oder Grignard-Reagenz ze maachen at déi Reaktioun do dran ze setzen, sou wéi déi aner Wikien dat maachen?--MMFE (Diskussioun) 14:32, 13. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien,

Jops ech verstinn dat et Netchemiker net kloer ass waat do ass, dofir haet ech ee Bild dohinn gesaat mee krut eemol gesoot soll ech hei lossen. Ech hunn seng Haaptreaktioun all gemeng beschriff. An der Reaktioun ginn zweschen etappe gebildt wei an der Grignard Reaktioun beschriewe an sie gehéieren och dann dohinn. Ansech kann ee awer och sou soen wann een e Keton mat Iodmethan an Magnésium réageieren leist dann kriet een ee Tertiairen Alkohol.

Bei de Meeschten wikipedia artikelen steet allerdengs emmer waat heen als Wirk gemeet huet, lo ass et natirlech interpretatiounssaach wei weit ee geet ... allerdengs wann ee Grignard artikel bis do ass kann een daat hei wechmaan an dodrops hinn weisen.

glucius


Ansech kann ee awer och sou soen wann een e Keton mat Iodmethan an Magnésium réageieren leist dann kriet een ee Tertiairen Alkohol.
Do solle mer dat och esou soen, well 99 % vun de Lieser sinn Netchemiker an déi fanne leiwer e Saz mat engem Numm wéi mat enger Formel. Enzyklopedesch Artikelen sollen ëmmer vum Standpunkt aus geschriwwe ginn, fir engem eppes z'erklären dee guer näischt dervu weess, an net fir Insideren. --Les Meloures (Diskussioun) 07:44, 14. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]
Jo mee dei meescht haaten Chimie an der Schoul an do hellëft och eng Formel fir een drun ze erenneren waat eng Keton ass an waat ee tertiairen Alkohol ass... mindesten soulang wei keen Artikel do ugeluecht ass...

glucius

Huet do een net verstanen ëm war et an enger Enzyklopdie geet?? An doriwwer eraus haten déi meescht déi hei are luusse komme warscheinlech keng Chimie an der Schoul, wéinstens net op héijem Niveau. --Les Meloures (Diskussioun) 20:22, 15. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Iodmethan, Iodomethan, Jodmethan[Quelltext änneren]

Iodmethan wier dei Däitschversioun Iodomethan soen dei Leit dei aus Fr, Be, oder Engl. Raum studéiert hunn. Jodmethan géif ech net benotzen daat schréift ee net (http://de.wikipedia.org/wiki/Iod, resp http://de.wikipedia.org/wiki/Iodmethan) och wann ee am daitsche Raum nach warscheinlecherweis seet.

Ech selwer tendéieren fir Iodomethan (haat zwar Iodmethan am ufang geschrief well mein Verbesserer mer soss all Nimm vun der Däitschversioun ofgeleet huet).

glucius


Moien, et ass leider esou datt mer demno water Nimm et sinn déi däitsch Versioun virzéien well et déi Wierder ni esou am Lëtzebuergesche gouf. Wat de Jodmethan ugeet sou hu mer déi lëtzebuergesch Versioun vum Wuert Iod an déi heescht Jod. Deemno soll déi och gebraucht ginn. ---Les Meloures (Diskussioun) 07:37, 14. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]