Diskussioun:Pieter van den Keere

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Op der hollännescher Wiki heescht dee Mann Pieter van der Keere, an déi missten et jo eigentlech wëssen. Op Commons heescht en iwwregens och esou. --MMFE (Diskussioun) 10:33, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hunn e Redirect gemaach. An der Renaissance-Zäit ware Familljennimm nach eppes zimmlech Wackleges. --Zinneke (Diskussioun) 10:42, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Zijn vader was Hendrick van den Keere. Déi schénge sech dann iergendwéi an der Famill schonn net iwwer den Numm eens gewiescht ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:46, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien, lo gouf mol lëschteg geréckelt mam Argument ass méi richteg. Op wat baséiere mir ons do. Op déi hollännesch Wiki. Ass et net méiglech datt bei deenen eppes net sou richteg stëmmt. Vum Pieter ass anscheinend näischt bekannt wou hien als van der Keere oder van den Keere ënnerschriwwen huet. Vu sengem Papp deen Drécker en Editeur war ass den Numm awer als van den Keere beluecht. Ech réckelen duerfir mol ëm zréck well jo souwisou och keen all déi duebel an elo dräifach Redirecte verbessere geet. --Les Meloures (Diskussioun) 12:07, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Op der hollännescher Wiki stoung den Artikel elo e puer Joer als van den bis deeselwechten deen haut bei ons gepiddelt huet de Lemma do och haut geréckelt huet. E baséiert sech do op eng Internetsäit. Mol léiwer ofwaarde wat do weider geschitt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:29, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

'

An de Ventë vu Wierker vum John Speed wou hien d'Gravure gemaach huet gëtt en och als van den opgefouert. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
An der Cartographica Helvetica fonnt als van den Keere.
Günther SCHILDER, "Pieter van den Keere", in Lexicon zur Geschichte der Kartographie, I, Wien, 1986, p. 407-408
Biographisch woordenboek der Nederlanden. Deel 10. J.J. van Brederode, Haarlem --> KEERE (Pieter van den) of Petrus Kaerius, uit Vlaanderen afkomstig, was een teekenaar, graveur en boekhandelaar. --Les Meloures (Diskussioun) 17:25, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Verslagen en mededelingen van de Koninklijke Vlaamse Academie voor Taal- en Letterkunde 1890. Koninklijke Vlaamsche Academie voor Taal- en Letterkunde, Gent 1890 --> Petrus Kaerius. Peter van der Keeren, alias Kaerius. Déi ginn van der un allerdéngs dann och Keeren mat engem N hannen --Les Meloures (Diskussioun) 17:25, 13. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]