Diskussioun:Pioneer 1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Pioneer 1 war déi éischt Raumsond, déi vun der NASA, no hirer Grënnung vum 29. Juli 1958, gestart gouf.

Wann ech dann dat hei liesen: De Pioneer 0 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA, da kënnt mer eppes komesch bei där Behaaptung vir. Oder war den Null no dem Eent gestart ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]


Pioneer 1 war déi éischt Raumsond, déi vun der NASA, no hirer Grënnung vum 29. Juli 1958, mat Erfolleg gestart gouf.
Et dréint sech guer net ëm den Erfolleg oder net? Watereng war da virdru vun der NASA ouni Erfolleg gestart ginn. ?? Et geet net duer fir e Saz ëmzebauen an dann ze mengen et wier alles richteg. ? --87.67.234.239 14:57, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Déi Froen do kann een sech selwer beäntwere wann een den Text vum Artikel komplett liest. --MMFE (Diskussioun) 16:35, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Ech hunn dat emol probéiert (den Text ze liesen). De Konflikt mat Pioneer 0 ass domat awer net geléist. Et goung dem éischten Artikelschreiwer jo och net drëm fir z'informéieren datt et déi éischt mat Erfolleg war, mä datt et déi éischt iwwerhaapt war, déi d'NASA gestart hat. Dat steet awer am Géigesaz zu senger Behaaptung am Artikel Pioneer 0 wou hie Follgendes seet: De Pioneer 0 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA ... asw Wann de Pioneer 1 senger Meenung no déi éischt war (ob mat Erfolleg oder net) war dann de Pioneer 0 déi alleralleréischt?? Oder war déi vläicht net vun der NASA an d'Luucht gedämpt ginn? Wann dat de Fall wier, dann ass eppes am Artikel Pioneer 0 falsch --Les Meloures (Diskussioun) 17:33, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

  • Gudden Owend

D'Raumsond Pioneer 0 vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA an der US Air Force, a net alleng vun der NASA ! E schéinen Owend nach ... SITCK (Diskussioun) 18:07, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend nach eng Kéier,
Dat schéngt awer just an der de:Wiki an an der lb:Wiki bekannt ze sinn. Wann et der Diskussioun an der de:Wiki nogeet schéngt do den Auteur vum Artikel wëlles hunn dat ze verbesseren. Déi falsch Bunnhéicht déi vun déisäit der Musel bei ons gelant war hunn ech scho verbessert. An elo eng gutt Nuecht gewënscht --Les Meloures (Diskussioun) 19:04, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]


D'Meenung vun der NASA selwer: The first vehicle, Pioneer 0, was launched by the USAF and was destroyed 77 seconds after launch when the rocket's first stage exploded. Dat heescht menger Meenung no datt d'NASA näischt mat dem éischte Versuch ze dinn hat. Ech verbesseren dat dann och an deem Sënn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:33, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]