Diskussioun:Piratepartei

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wou sinn d'Statute vun där Partei opzedreiwen.

Les Meloures 10:18, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Néirens, well
A) eng Partei nët muss eng Gesellschaft sinn a
B) nach keng Grënnungsversammlung stattfonnt huet.
--Clausekwis 13:27, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Parteiefinanzéierungsgesetz ass eng Partei esou définéiert: «parti politique», l’association de personnes physiques, dotée ou non de la personnalité juridique, qui concourt, dans le respect des principes fondamentaux de la démocratie, à l’expression du suffrage universel et de la volonté populaire de la manière définie dans ses statuts ou son programme;

Déi Definitioun schéngt mir net schlecht ze sinn.

Wann et nach keng Grënnungsversammlung gouf, kann een sech d'Fro stellen ob dei sougenannte "Piratepartei" eng "association de personnes physiques" ass.--Fliedermaus 14:19, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Artikel steet:
Gegrënnt gouf D´Piratepartei am Mee 2009.
Da liesen ech hei uwendriwwer datt et nach keng Grënnengsversammlung gouf.
Meng Fro: Wéi ass et méiglech datt ee Veràin eegal wéi e sech elo nennt, oder watereng rechtlech Form en huet, ka gegrënnt gi sinn, wann nach keng Grënnungsversammlung war.?
Ech erënneren drun datt d'wikipedia eng Enzyklopedie ass, an net do ass fir Wonschdreem z'affichéieren, a proposéieren och den Artikel ze läschen. Wann et déi Partei wierklech eng gëtt, mat engem Minimum vu Programm, a Memberen déi bekannt sinn kënne mer nach eng Kéier usetzen.

Les Meloures 14:45, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Nujee, zu der Saach mat der Association, ët steet jo och do "[...]l’association de personnes physiques, dotée ou non de la personnalité juridique, [...]" an nët "une association". Ët geet hei IMHO drëm, dass Leit sech zesumme fonnt hunn, op wéieng Art & Weis och ëmmer. Ët steet jo näischt vu virtuell oder physëch do. Daat ass hei menger Meenung no de Fall.
Dovunner oofgesinn dierf den Artikel natierlech, aus Relevanz-Grënn geläscht ginn. Da maache mir dat eebe sou wéi de Melours dat hei viirschléit.
Allerdéngs, wa mir déi Kritere wéi Programm a bekannte Memberen hunn, wat maache mir da mat der Biergerlëscht ;) ? --Clausekwis 17:57, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Nodeems den Artikel "internationaliséiert" gouf, ass e vir mech ganz valabel.--Fliedermaus 07:05, 11. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien, (Fir zukenfteg Politiker och e gudde Rot: De Leit ëmmer Moie soen).
D'accod mat der Fliedermaus. Den Artikel huet sech jo gutt verbessert. Déi Saach mam Läsche kann deemno vergiess ginn. D'Läschschëld gouf schonns erausgeholl. Les Meloures 07:08, 11. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]