Diskussioun:Plakeg Maulefsrat

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

schued, dass mer keen "artikel vun der woch" méi hunn, dat knabberdéierchen do wier en ideale kandidat gewiescht ;-) --Zinneke 00:28, 28 Januar 2006 (UTC)

Wat mengt der eigentlech ëmmer mat däer "Timber"sgeschicht? Ech hunn dat lo schonn e puer Mol gesinn a weess net wat ech soll domatt ufänken? Myriam 01:14, 28 Januar 2006 (UTC)

Timbergréisst ass am Fong wann d'foto an di Tabell uewe kënnt, do huet se eng virdéfinéiert Gréisst. De Cornichong hätt dat séisst Déiererchen am léiwste gär vill méi grouss an dem Artikel. (wat ech allerdéngs net verstoe kann :-) ) --Alexandra 08:11, 28 Januar 2006 (UTC)

Ech fanne wann de Cornischong dat Déier gäre méi grouss gesäit sollen drop klicken a sech et méi grouss ukucken. Et gi Saachen déi mir besser gefalen, ewéi dat interressant Déierchen do. Mir ass d'Foto wierklech grouss genuch. Johnny Chicago 10:35, 28 Januar 2006 (UTC)

Et kéint ee vläicht d'Standardgréisst vun den Tabellefotoen op 300px eropsetzen, dann dierft ee wuel net méi vun engem Timber schwätze kënnen. Fir de Rescht huet de Johnny Chicago just de Sënn an Zweck vun engem Thumbnail erkläert: deen ass natuergeméiss méi kleng wéi d'Original, wann en och net onbedingt esou guer kleng si muss. A kee wëllt hei de Preisen eppes nomaachen, mee de Prinzip datt an eng Tabell och eng Foto gehéiert bedingt nun emol verschidde Contrainten - sou drastesch wéiu am Moment missten se awer vläicht net ausfalen. --Otets 21:23, 28 Januar 2006 (UTC)

Ech verstin deng Roserei net Cornischong. Dat Déierchen kanns de an 2 Formaten op der Wiki kucken a studéieren, eng Kéier kleng an eng Kéier grouss.
An huet schons eng Kéier een dech dru gehënnert eng Foto déis du gemeet hues, grouss an d'Wiki ze sëtzen? Also firwat dann déi iwwerflësseg Sätz Ech wäert mer et alt dräimol iwwerleeën, fir nach iwwerhaapt eng Foto eropzelueden!!!.Dat do ass mer wierklech ze domm!!!Johnny Chicago 23:34, 28 Januar 2006 (UTC)