Diskussioun:Pompjeeën

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

  • 1896: Gesetzlech Unerkennung vun der Stierfkees, déi am Joer 1925 dem Nationalverband …

Wat soll mat dem onvollstännege Saz geschéien Les Meloures 14:08, 29 Mee 2007 (UTC)

Kéint et sinn, datt den Alain mol an aller Rou dru weiderschreift? --Cornischong 14:15, 29 Mee 2007 (UTC)
Rebonjour
Ech hunn näischt dodergéint e kéint da vläicht een EnCours driwwer tässelen. Wie weess soss wat lass ass. Les Meloures 14:20, 29 Mee 2007 (UTC)
Entschellegt et ass mai Feeler, ech setzen elo en EnCours driwer an schaffen nach weider drun. --Alain

"Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun" ??[Quelltext änneren]

De Saz "D’ Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun" ass net valabel fir Lëtzebuerg, wou et eng "division d'incendie et de sauvetage" bei der "administration des services de secours" gëtt. Quell: Mémorial A –– N° 96 vun 25. Juni 2004

De ganzen Artikelobbau fannen ech net glécklech well et keng kloer Trennung tëschent de "Pompjeeë" am Allgemengen an de "Pompjeeë zu Lëtzebuerg" am Text gëtt.

Wat maachen ?

  • Léisung 1: Zwee getrennten Artikelen "Pompjeeë" a "Pompjeeë zu Lëtzebuerg"
  • Léisung 2: Een Artikel "Pompjeeë" mat engem kloer getrennten Abschnitt "Pompjeeë zu Lëtzebuerg"
  • Léisung 3: Een Artikel "Administration des services de secours" vu Lëtzebuerg mat den eenzelen Divsiounen

-- Fliedermaus 15:09, 4. Abr 2008 (UTC)

Moien,
Een Artikel iwwer d'Administration des services de secours wier net schlecht. Wann dee mol do ass, kann ee sech Gedanke maache wéi mer mat de Pompjeeë weiderfueren. Les Meloures 15:48, 4. Abr 2008 (UTC)

Dat ass elo hei um lafen.--Fliedermaus 17:01, 4. Abr 2008 (UTC)

Moien,
Administration des services de secours gëtt et jo lo sou datt ee kinnt/misst vu Lëtzebuerger Pompjeeën un en eegenen Artikel maachen? Wat ass soss hei d'Meenung? --Jwh (Diskussioun) 18:29, 24. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Salut,
Do gëtt et schonn en Ulaf deen an de Kannerschong hänke bliwwe war: Fräiwëlleg Pompjeeën zu Lëtzebuerg
--Les Meloures (Diskussioun) 18:40, 24. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Ah tiens, jo --Jwh (Diskussioun) 20:48, 24. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Den Nationale Pompjeesverband deelt sech an 13 Kantonalverbänn op[Quelltext änneren]

Moien, wou komme se dann un deen 13. Kanton? --Jwh (Diskussioun) 19:15, 6. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien och, ass ënner der Iwwerschrëft Kantonalverbänn nozeliesen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:28, 6. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]
Ah jo, Merci! --Jwh (Diskussioun) 20:13, 6. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]