Diskussioun:Prënzbistum Léck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E schéine Bonjour! D'Fürstbistum (oder "Prënzbistum") Léck an d' Bistum sinn am Fong zwou verschidde Saachen. Sécher ass et mat engem Bistum ugaangen (zu Tongres/Tongeren, a spéider dann, do wou Léck entstane war), awer d'Fürstentum / d'Principautéit selwer wor ëmmer nëmmen een Deel vum Bistum. An anere Wierder: de Bëschof war iwwerall Bëschof a sengem Bistum, mee "Prënzbëschof" war hien nëmmen a senger Principautéit! Baaschtnech, z.B., war am Bistum Léck, awer am Herzogtum Lëtzebuerg. Dat selwescht gëlt fir La Roche, Saint-Hubert, Houffalize, Sankt-Väit... Bouillon, dat an engem eegenen Herzogtum loug, war och Deel vum Bistum Léck, mee eben net vum Prënzbistum! De Bëschof vu Léck war net Prënz zu Baaschtnech, Saint-Hubert, Houffalize... Et gëtt Kaarten (*), déi dat klor an däitlech weise, mee ech wees net wéi een déi op lb:wikipedia kritt. Ech kennen net vill vun Informatik. Sorry! Salut, René D.

(*) Vgl. z.B.: Jean Lejeune, La principauté de Liège ; Eug. Wahle éditeur, Léck, 1980 (3. Oplo); ISBN 2-87011-058-8 : S. 18 (Kaart vum Bistum) a S. 63 (Kaart vun der Principautéit 1789).

Moie René D.
a merci fir d'Informatioun. Ech unn se eriwwer an den Artikel gesat. Jiddereen, deemno och Dir, dierf d'Artikeln ergänzen a verbesseren; zéckt net, bei anere Geleeënheeten direkt am Artikel ze maachen. Froen dozou kënnt Der gär hei stellen. --Zinneke 12:58, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Eriwwerkopéiert vun Diskussioun:Bonnes Villes

Moien, Maastricht a Bouillon woren net am Prënzbistum Léck, wuel awer am Bistum Léck. Maastricht huet zu deene Gebidder gehéiert, déi kollektiv, quasi ewéi eng Kolonie, de (7) Vereenegte Provënzen ënnerstoungen, wat net verhënnert huet, dat d'Prënzbistum Léck zu Maastricht verschidde Rechter hat a behale konnt. De Lécker Historiker G. Hansotte, z.B., schreift, Maastricht hätt zwee "co-souverains" gehat. D'Herzogtum Bouillon, dat laang de Prënze vu Léck gehéiert hat, war op eng ëmstridden Art a Weis un d'Famill de La Tour d'Auvergne komm. 1697, am Vertrag vu Rijswijk, gouf d'Onofhängegkeet vum Herzogtum Bouillon festgeschriwwen. Mee Léck, a Konkurrenz mat Frankräich, huet ëmmer nees probéiert säin Afloss zu Bouillon auszebauen. Um Pabeier, wéinstens, ass Bouillon awer bis zur Revolutioun (1789) eng eegestänneg Entitéit bliwwen... Äddi, René D.

Moien,

An der Geschicht daucht am Zesummenkank mat dem Prënzbistum an der Lécker Revolutioun dacks den Numm Jolivet op. Weess duerch Zoufall ee wéi dee Mann mat Virnumm geheescht huet? Les Meloures 16:19, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, De Michel-Nicolas Jolivet wor, ëm 1783, de jonke Secrétaire vum franséische Botschafter (am Prënzbistum Léck). E schéngt en Unhänger e.a. vum Montesquieu sengen Idië gewiescht ze sinn. Op jidde Fall huet hie font, dat déi Lécker Verfassong (am Ancien Régime) e "labyrinthe informe" duergestallt huet, well de Lécker Staat war gläichzäiteg klerikal, rondrëm d'Dominatioun vun enger Stad (= Léck) organiséiert, aristokratesch, am Intressi vun den (Grouss-)Händler konzipéiert, monarchesch a republikanesch. E schéinen Owend nach, René D.

Merci Les Meloures 17:55, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]